arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerattack zu Marseille: Terroristeschen Hannergrond gëtt ausgeschloss

Frankräich

|
headphones

1 min

Messerattack zu Marseille: Terroristeschen Hannergrond gëtt ausgeschloss

Am Zentrum vu Marseille gouf et gëschter um Dënschdegmëtteg enger Messerattack, bei där op d'mannst 5 Persoune blesséiert goufen. Eng dovun ass an engem kriteschen Zoustand.

headphones

1 min

© EPA/YOAN
(Foto: EPA/YOAN)

Wéi de Procureur matgedeelt huet, handelt et sech beim Täter ëm ee Mann aus Tunesien, dee legal a Frankräich war, an dee wéinst onbezuelte Rechnunge vum Gerant vun engem Hotel virun d'Dier gesat gouf.

Doropshin ass de Mann mat zwee Messer zeréckkomm an huet de Gerant, deem säi Jong, e weideren Hotelsgaascht an zwee Passanten op der Strooss mat engem Messer ugegraff.

D'Police ass intervenéiert an huet den Täter erschoss.

Gëschter Owend war den Inneminister Bruno Retailleau zu Marseille. Hien sot, et géing een den Ament net vun engem terroristeschen Hannergrond ausgoen.