arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerattack um Lampertsbierg: Mann ugeklot, zweet Affer net méi a Liewensgefor

National

|
headphones

1 min

Messerattack um Lampertsbierg: Mann ugeklot, zweet Affer net méi a Liewensgefor

De Mann, deen en Dënschdeg no der déidlecher Messerattack um Lampertsbierg festgeholl gi war, gouf wéinst Mord, Doudschlag, versichtem Doudschlag a Coups et blessuren volontaires ugeklot. Dat huet de Parquet gëschter Owend matgedeelt. 

headphones

1 min

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

De Mann, e 27 Joer ale Belsch, deen net zu Lëtzebuerg wunnt, kënnt an Untersuchungshaft

Hien hätt am Verhéier zouginn, datt hien dem spéideren Affer - enger 35 Joer aler Franséisin - Rendez-vous ginn hat fir eng Wunneng ze besichen, fir se ze lounen.

De Parquet deelt och nach mat, datt déi zweet Fra - eng 36 Joer al Lëtzebuergerin - net méi a Liewensgefor ass.

De Parquet weist drop hin, datt d‘Enquête nach an engem Ufanksstadium ass.