arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerattack op eng däitsch Buergermeeschtesch

An hirer eegener Wunneng

|
headphones

1 min

Messerattack op eng däitsch Buergermeeschtesch

Bei der Messerattack an Nordrhein-Westfalen op déi nei gewielt Buergermeeschtesch vun Herdecke, d‘Iris Stalzer, gëtt ee familiären Hannergrond net ausgeschloss. Dat mellen d‘Police an de Parquet. Et géif awer an all Richtungen enquêtéiert ginn.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Alex Talash
(Foto: picture alliance/dpa | Alex Talash)

Déi zwee Adoptivkanner vun der 57 Joer aler SPD-Politikerin, déi liewensgeféierlech blesséiert an hirer Wunneng fonnt gouf, wiere matgeholl ginn, heescht et aus Sécherheetskreesser. Dat fir verhéiert ze ginn a fir Spueren ze sécheren.

Am Summer hätt et ee Virfall vun haislecher Gewalt an der Famill ginn, déi bei der Police gemellt gouf, heescht et weider. Béid Teenager hätten haut den Noutruff gewielt a gesot, datt si hir Mamm fonnt hätten.

Si wier wuel iwwerfall ginn an hätt e puer Messerstéch an den Uewerkierper erlidden. 

Déi 57 Joer al SPD-Politikerin ass eréischt virun enger gudder Woch als nei Buergermeeschtesch vun Herdecke gewielt ginn. Dat mat iwwer 52 Prozent vun de Stëmmen.

De Bundeskanzler Friederich Merz huet vun enger "degoûtanter Dot“ geschwat an eng séier Opklärung gefuerdert.