Am Projet de Loi vun der fréieren Inneministerin Taina Bofferding war virgeschloe ginn, datt den Taux vun der Grondsteier tëschent 9 an 11 Prozent vun der valeur unitaire misst leien. Am Gesetzprojet deen den Donneschdeg vum Innen- a vum Logementsminister virgestallt ginn ass, gouf dës Fourchette duerch eng Formel ersat, déi op 4 Krittäre baséiert an dono mat engem kommunalen Taux multiplizéiert, deen d'Gemenge festleeën.
Generell géif d'Reform vun der Grondsteier den aktuellen Erausfuerderungen um Logementsmarché och net gerecht ginn, seet de Meris Sehovic. D'Gesetz wier ee "Pabeiertiger ouni Zänn" an de Fait, datt d'Gesetz eréischt am nächste Joerzéngt soll ufänken ze gräifen a seng richteg Wierkung eigentlech eréischft am iwwernächste Joerzéngt entfale wäert, géif net hëllefen Terrainen an eidelstoend Wunnegen ze mobiliséieren.
Och dem Inneminister Léon Gloden säin Argument, eng réckwierkend Besteierung wier juristesch net haltbar, weist de Meris Sehovic och zeréck. Schliisslech hätt déi "Imposition rectificative" an der ursprünglecher Propos vum Gesetz schonn dra gestanen an déi Propos hat och scho gréng Luucht vum Staatsrot kritt.
Erklärunge vun eisem Journalist Maurice Molitor an den Interview mam Meris Sehovic