40 Prozent dovu landen an den Ozeanen. Mikroplastik-Stéckelcher vun de Filtere sinn och an der Ernierungsketten erëmzefannen. Mat der neier Campagne, mam Solgan „Merci“ wëllt d‘Ëmweltverwaltung, d‘Waasserwirtschaftsamt a Valorlux d‘Leit sensibiliséieren, d‘Zigarettestëmp net méi op de Buedem oder an d‘Gullien ze geheien. Dofir gi wärend der Campagne och gratis Täschen-Äschebecheren ausgedeelt.
Et ass iwwregens verbueden, Zigarettestëmp ewechzegeheien. Dofir gëtt et e Protokoll vun 145 Euro.