Déi héich Zuele vun Affer géife sech ënner anerem duerch eng grouss Affär vun Zwangsprostitutioun an Appartementer erklären, déi d’Police 2021 opgedeckt hat, an déi elo viru Geriicht wier.
86 Affer an enger Affär vun Zwangsprostitutioun
Bis 2023 wieren am Total 86 Affer detektéiert ginn. Fraen aus Russland an aus der Ukrain. D’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun Noémie Sadler mat konkrete Beispiller vu Mënschenhandel.
"Wat déi sexuell Ausbeutung ugeet, do kënnen déi Prostituéiert zum Beispill hir eege Präisser net selwer bestëmmen."
Si géife streng kontrolléiert ginn a missten een Deel vun hirem Akommes ofginn.
"Wat d’Aarbechtsausbeutung ugeet, do mussen d’Affer vill méi Stonne schaffe wéi dat vum Gesetz erlaabt ass."
Mënschenhandel an der Aarbechtswelt: Ëmmer méi Affer
Generell géif ee feststellen, datt de Mënschenhandel hei am Land “ee ganz presente Phenomen” wier, esou d’Generalsekretärin vun der Mënscherechtskommissioun, Fabienne Rossler.
"Wann et eng héich Zuel un Affer aus der Zwangsprostitutioun gëtt, kënne mer awer bestätegen, datt d’Zuel vun der Affer aus der Aarbechtswelt weider an d’Luucht geet, virun allen an de Restauranten an um Bau."
Ganz vill dovu géif online lafen, virun allem de Rekrutement.
"An déi sexuell Ausbeutung huet sech haaptsächlech an d’Appartementer verlagert, wat d’Aarbecht vun den Enquêteure schwéier mécht.
Vun den 152 Affer vu Mënschenhandel an de Joren 2023 an 2024 wier eent mannerjäreg gewiescht. De Phenomen vu Mënschenhandel bei Kanner géif hei am Land gréisstendeels ignoréiert ginn, huet d'Anamarija Tunjic vun der CCDH kritiséiert.
Kleng Kanner fir Mord oder Attentater ze begoen
"Hei gëtt international, mee och an der EU festgestallt, datt kriminell Reseauen ëmmer méi jonk Kanner viséieren, vun 8, 9, 10 Joer, an zwar net nëmme fir kleng Strofdoten, mee och fir (...) Mord oder Attentater ze begoen."
Eng vun den Haaptursaache vum Mënschenhandel wier d’Lukrativitéit fir d’Täter, huet de Max Mousel vun der Mënscherechtskommissioun um Krautmaart erkläert.
Profit op verschiddene Säiten
Als Beispill nennt de Max Mousel eng rezent Affär bei der bal 10 Milliounen Euro Profit gemaach gi wieren.
"Vun engem Cabaret, deen Escort-Servicer hei zu Lëtzebuerg ugebueden huet, also an Däitschland a Lëtzebuerg iwwert aacht Joer."
De Profit wier direkt abezu ginn.
"Beängschtegend ass och, datt eng Lëtzebuerger Radios-Chaîne Reklamm ebe fir déi Escort-Servicer gemaach hat an och doduerch ëm déi 150.000 Euro Profit doraus geschlo huet, ouni datt elo do iergendwellech Konsequenze gouf zu deem Moment."
Am Kader vum Geriichtsprozess 2023 war thematiséiert ginn, datt op RTL Radio Lëtzebuerg Reklamm fir de Club gemaach gi war.
Mat de Conclusioune vun der Mënscherechtskommissioun zum Thema Mënschenhandel soll sech d’Chamber-Justizkommissioun kuerzfristeg beschäftegen.
D’CCDH recommandéiert ënner anerem och hei am Land d’Méiglechkeet vun engem Zeieschutzprogramm ze schafen.