Dat huet den DP-Minister um Freidegmoie bei der Visitt vum Lycée Michel Rodange ugekënnegt.
Et wéilt een elo dem Regierungsrot e Gesetzesprojet proposéieren an deem “munches an de Privatschoule wäert änneren”, esou de Claude Meisch. Et soll eng Obligatioun agefouert gi fir d’Subventiounen u lëtzebuergesch Coursen ze bannen.
“Fir ganz einfach jiddereen, den hei zu Lëtzebuerg opwiisst, dee vu bausse bei eis kënnt. Mir sinn en oppent Land, mir bleiwe gären en oppent Land, mee datt en awer vun Ufank un d’Lëtzebuerger Sprooch vermëttelt kritt.”
An den ëffentlechen internationale Schoulen hunn d’Schüler obligatoresch lëtzebuergesch Coursen, vum éischte Joer an der Grondschoul un, a bis zum drëtte Joer am Secondaire.
Lëtzebuergesch gëtt offiziell Unterrechtssprooch
Mat der Aféierung déi nächst Rentrée vun der Wiel vun der Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch an alle Grondschoulen, soll Lëtzebuergesch offiziell d’Unterrechtssprooch an allen Niewefächer ginn, esou de Claude Meisch.
"Fir do och ze soen, dat ass déi Sprooch an där mir eis ënnerhalen, dat ass déi Sprooch déi eben dee gemeinsamen Nenner ass."
De Kulturminister Eric Thill (DP) huet iwwerdeems ugekënnegt, datt den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch vun elo un all Joer de 26. September soll gefeiert ginn, als “festen Deel am Lëtzebuerger Kalenner” um europäeschen Dag vun de Sproochen.