Mat engem Duerchbroch hofft een, en iranesche Vergeltungsschlag géint Israel kënnen ze verhënneren – an am selwechten Otemzuch och eng Ausweidung vum Krich z‘evitéieren.
Op déi Verhandlungen awer e Succès ginn, ass méi wei ongewëss. D‘USA maachen Drock op Israel – fir e Plang ze acceptéieren, deen den Joe Biden den 31. Mee virgeleucht hat. Heiranner ass an enger éischter Phase eng Waffepaus vu 6 Wochen an der Gazasträif virgesinn, begleet vun engem israeelesche Réckzuch aus deenen Zonen, an deenen déi meeschte Leit liewen. Parallel sollen déi israeelesch Geisele fräi gelooss ginn, en Echange vu palestinensesche Prisonéier déi Israel gefaangen huet.