arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méigleche Bréch vu Mënscherechter: D'EU hëlt Stand elo keng Mesurë géint Israel

Ausseminister-Reunioun

|
reading time

1 min

Méigleche Bréch vu Mënscherechter: D'EU hëlt Stand elo keng Mesurë géint Israel

D’Europäesch Unioun hëlt fir elo keng Mesurë géint Israel wéinst méigleche Bréch vun de Mënscherechter an der Gazasträif. Op der Reunioun vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner gouf keng Decisioun geholl.

reading time

1 min

D'EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas. | © European Union
D'EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas. (Foto: European Union)

D’EU-Baussebeoptraagt hat eng Lëscht vu méigleche Mesuren, deels am Kader vum Handelsaccord mat Israel, presentéiert. Déi Lëscht géif een halen an dorop zeréckkommen, am Fall wou déi humanitär Situatioun an der Gazasträif sech net verbessert, esou d’Kaja Kallas op enger Pressekonferenz no der Reunioun. D’EU géif d’Situatioun um Terrain genee suivéieren. 

Déi lescht Woch hat d’EU een Accord mat Israel iwwer humanitär Mesuren ofgeschloss. D’Kaja Kallas hat um Dënschdegmoie gesot, et wier positiv, datt méi Camionen an d’Gazasträif eragelooss ginn an et géif och aner positiv Unzeeche ginn. D’Situatioun an der Gazasträif wier awer nach ëmmer katastrophal.

Xavier Bettel: Unanimitéit ze kréie gëtt schwiereg

Et ass schwéier ze iwwerpréiwen, wéi eng Engagementer géintiwwer der EU vun Israel géifen agehale ginn, kommentéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel déi neisten Entwécklungen. 

Et hätt sech an den Diskussiounen haut ofgezeechent, datt een et net wäert fäerdegbréngen, déi néideg Unanimitéit zesummenzekréien, fir Mesuren oder Sanktioune géint Israel ze huelen. Zu Lëtzebuerg misst déi Pist, wéi eng Mesuren um nationalen Niveau kënne geholl ginn, weider "verdéift ginn", esou de Vizepremier.