Russesch Staatsbierger kënnen an Zukunft kee Visa fir d'Arees à plusieurs reprises mei ufroen, mee musse fir all Rees an d'EU eng nei Demande maachen. Ausname gëlle fir Mënschen déi Famill an der europäescher Union hunn an ënnert anerem fir Camionschauffeuren.
D'lescht Joer si ronn 542.000 Visa fir Reesen an d'EU respektiv an de Schengenraum accordéiert ginn. Aus den Zuelen, déi vun der europäescher Union erhuewe ginn, geet ervir, datt dëst ronn ee fënneft méi ass wéi nach am Joer 2023.
Kritik aus ëstleche Regioun
Dës Hausse, zënter dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, hätt virun allem an den ëstleche Regioun vun der EU fir Kritik gesuergt, wéi déi däitsch Presseagence dpa schreift. Et kéint net sinn, datt räich russesch Staatsbierger, déi vun der russescher Féierung profitéieren, um Mëttelmier an der Sonn leien, wärend Mënschen an der Ukrain duerch russesch Ugrëff stierwen, esou d'Kritik.
D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas huet op X geschriwwen, et wier nëmme schwéier ze justifizéieren e Krich unzefänken an dann awer dovun auszegoen, sech fräi an Europa beweegen ze kënnen.
Rumeuren: Sergej Lavrov ënner Drock
An de leschten Deeg si Rumeuren zirkuléiert datt den Ausseminister Sergej Lavrov vum Kreml ënnert Drock gerode wier, dat nodeems een Treffe mam US-amerikanesche President ofgesot gouf.
De Kreml huet dementéiert, datt de Sergej Lavrov net méi als Diplomatiechef aktiv wier. Hie géif weiderhi schaffen, huet de Spriechervum Kreml präziséiert. Déi Rumeure wier just Spekulatioune gewiescht.