arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi enk Zesummenaarbecht bei ziviller Sécherheet

Lëtzebuerg-Belsch

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Méi enk Zesummenaarbecht bei ziviller Sécherheet

Lëtzebuerg an d’Belsch wëllen um Niveau vun der grenziwwerschreidender Policeaarbecht an der ziviller Sécherheet nach méi enk zesummeschaffe wéi bis elo. Dat hunn de Innenminister Leon Golden a säi belschen Homologen de Bernard Quintin bei enger Entrevue um Schlass Senningen annoncéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Matthew Kenwrick / Flickr
(Foto: Matthew Kenwrick / Flickr)

De Bernard Quintin war op Invitatioun vum Inneminister Leon Gloden op Aarbechtsvisitt am Grand-Duché. De belschen Inneminister huet betount, datt een d’Wäerter vu Schengen géif héich halen an dofir géif et och keng Grenzkontrollemat mat der Belsch ginn.

Organiséiert Kriminalitéit an Drogenhandel

D'Sécherheet um Niveau vun der Police a vun der Populatioun, waren awer déi zwee grouss Pillien vun de Gespréicher. D'organiséiert Kriminalitéit an den Drogenhandel sinn zwou Erausfuerderunge fir déi een grenziwwerschreidend Police-Zesummenaarbecht brauch. 

Gemeinsam Kontroll-Aktioune ginn et schonn, ma béid Länner setzen och op en intensiven Informatiounsaustausch, an hei hätt Lëtzebuerg nach Nohuelbedarf, sou den Inneminister Léon Gloden. 

Benelux-Traité

Et géif eng Rei Accord am sou genannte Benelux-Traité ginn. D'Belsch an d'Holland wieren do awer scho méi wäit wéi Lëtzebuerg, esou den Innenminister. Lëtzebuerg hätt  zwee Accords d'exécutionen nach net mat ënnerschriwwen.

"An ech hu lo gesot, ech wier frou, wa mer dat kéinte maachen. Mer mussen eis da kucke wéi mer eis un déi Accords bilateraux tëschent Holland an der Belsch kënnen drop grefféieren."

An dësen Accorde geet et ënnert anerem ëm den Informatiounsaustausch, wa gemeinsam Patrulle gemaach ginn oder am Kader vum Datenaustausch em déi automatesch Erkennung vun Autosplacken, esou de Léon Gloden. 

LU-Alert System beandrockt

Geschwat gouf awer och iwwer déi bilateral Accorde bei de Noutdéngschter. Lëtzebuerg huet hei d’Organisatioun vum CGDIS a vum LU-Alert System virgestallt. Ee System deen de belsche Minister beandrockt huet. Virun allem a Saachen Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmungeleeft d‘Zesummenaarbecht scho konkret. De belschen Inneministerhuet awer och eng weider Zouso gemaach:

"Les défis liés au changement climatique, eh bien, ils vont aller en augmentant. On a parlé des inondations. On aura des feux, des feux de forêt ou des feux de végétation de plus en plus importants. Et je réitère la disponibilité de nos hélicoptères, le cas échéant, pour venir donner un coup de main au Luxembourg. J'espère qu'on ne devra pas le faire, évidemment. Mais le cas échéant, nous sommes à votre disposition."

Alles an allem also e gutt Gespréich ënner Frënn bei dem awer keng nei konkret Accorden ausgeschafft goufen.

play_arrow Lauschteren