search

/ Méi dacks de Vëlo huelen: D'Krux läit an der Infrastruktur

asbl ProVelo

|
reading time

2 min

Méi dacks de Vëlo huelen: D'Krux läit an der Infrastruktur

Fir datt de Velo fir méi Leit eng reell Alternativ zum Auto gëtt, bräicht et zu Lëtzebuerg eng vëlosfrëndlech Nord-Süd an Ost-West Achs. Dat wier een Zil wat ee misst erreeche fir ze garantéieren, datt d’Leit wéinstens bis bei eng Bus- oder Zuchgare géife kommen, esou de Simon Hoffmann vu Pro Velo.

reading time

2 min

Simon Hoffmann (ASBL ProVelo) | © Ana Angel
Simon Hoffmann (ASBL ProVelo) (Foto: Ana Angel)

Am 100,7 Interview sot hien de Moien, datt een dono de Vëlosreseau kéint a méi klengen Uertschaften ausbauen. Den Ausbau vun der Infrastruktur géif awer vill Zäit an Usproch huelen. De Simon Hoffmann kann dofir verstoen, datt vill Leit nach net op de Vëlo zréckgräifen. Aus eegener Erfarung wéisst hien awer, datt de Vëlo och a ländleche Géigenden eng Alternativ ka sinn.

"Et gëtt ëmmer d'Méiglechkeet, dass een eng kleng Streck ka mam Vëlo zréckleeën an natierlech ass et schwéier, wann ee guer keng Connexiounen huet, mee ech selwer kennen et och, ech kommen ursprénglech vum Land, an natierlech ass et eng Ëmstellung, mee wann ee sech bis dru gewinnt huet an et kann een iergendwou de Vëlo beim Busarrêt oder esou ofstellen, dann, an et ass ee sécher, dass en duerno nach do steet."

Allgemeng géifen an de leschte Joren ëmmer méi Leit de Vëlo huelen, mengt de Simon Hoffmann vun der asbl ProVelo. Ob wéinst den héije Spritpräisser den Ament nach méi Leit wéi soss ëmklammen, konnt hien awer net aschätzen. 

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Simon Hoffman

© ProVelo
(Foto: ProVelo)