Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Clair-Obscur (Time Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi streng Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz: De Wëlle feelt

FRIDA asbl

Méi streng Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz: De Wëlle feelt

Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz misste méi streng kontrolléiert ginn. Dat huet d’Déiereschutzorganisatioun FRIDA um Mëttwochmëtteg op hirer Pressekonferenz gefuerdert. Vill Déiere géifen ugeschaaft ginn, fir duerno vernoléissegt oder souguer ausgesat ze ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Hënn am Käfeg | © Bigstock / dragonflykishar play_arrow
Foto: Bigstock / dragonflykishar

Dat aus diverse Grënn, wéi Scheedung oder finanziell Schwieregkeeten, erkläert d’Adela Fuentes vun der FRIDA asbl. D’Déierenasyler zu Lëtzebuerg wieren iwwerlaf. Zënter iwwer 2 Joer gëtt et do Waardelëschten. Fir datt et net esou wäit kënnt, datt d‘Déiere mussen an Asyler oder bei den Déiereschutzorganisatiounen opgeholl ginn, schloen d’Déiereschützerinne vu Frida vir, dass all Besëtzer:in vun engem Déier muss ee Permis de détention maachen. Dat wier eng Aart Führerschäin, fir en Déier ze halen. Dat misst dann och kontrolléiert ginn an do feelt et u Ressourcen, esou d’Adela Fuentes: 

„Mir hu gutt Gesetzer, mir hu gutt Reglementer. Awer déi ginn am Fong geholl an der Realitéit net applizéiert. A fir de Stellewäert vun den Déieren zu Lëtzebuerg elo ze verbesseren, misst méi Personal agesat ginn.“

Lauschterenplay_arrow

Dat bei der ALVA, de Police, den Déiereschutzorganisatiounen oder nach Agents-municipallen, schléit d‘Adela Fuentes vir. Méiglechkeete wieren do, et géif just de Wëlle feelen, datt sech eppes ännere soll. 

Iwwerdeems misste Familljen oder Persounen, déi schonn opfälleg gi sinn oder schonn Déieren ofgeholl kruten, verbuede kréien Déieren ze halen, sou nach d‘Fuerderung vun der d’Adela Fuentes.