D’Virdeeler vum neien nationalen Interventiounszenter sinn, datt d’Beamten ënner anerem méi Plaz hunn an op bessert Videoequipement zeréckgräife kënnen. Zum CIN gehéiert en neien 113, op deen d‘Bierger:innen an enger Noutsituatioun uruffe kënnen. Den neien nationalen Interventiounszenter fonctionéiert 24 op 7.
Budget vu 5,5 Milliounen Euro fir den CIN
Iwwer de CIN sollen och grouss Evenementer am Land koordinéiert ginn erkläert de Generaldirekter vun der Police, de Pascal Peters. Virop wann ënnerschiddlech Unitéiten engagéiert ginn.
"Dann ass et sou, datt de CIN och den Appui operationell gëtt fir sämtlech Ufroen, déi vun den Unitéite kommen, net nëmmen national, mä och international."
De Schantje fir den Interventiounszenter gouf am September zejoert lancéiert, a Mëtt November ass den Zenter a Betrib geholl ginn, sou de Bob Leesch, Direkter vun den Operatiounen. Dat Ganzt fir e Budget vu 5,5 Milliounen Euro.
Agente vum GSO mat Taseren equipéiert
De GSO sengersäits soll flexibel agesat ginn, zum Beispill bei méi schwieregen Interventiounen. Dofir kréien déi Agenten en Taser, wéi de Minister bemierkt huet.
"En Equipement, wat am Ausland vill genotzt gëtt. Ech mengen, Dir kennt all déi Diskussiounen, déi mer iwwert déi Joren och an der Chamber iwwert d'Taseren haten. A mir hu geméiss dem Koalitiounsaccord eben elo festgehalen, dass deen heite Grupp elo mol mat Taseren ausgestatt gëtt, fir och Erfarungswäerter ze kréien, wéi een dee kann asetzen.”
Dem Police-Generaldirekter Pascal Peters no gouf et dofir eng spezifesch Formatioun vu 16 Stonnen.
Plattform fir als Bierger:in Videomaterial ze schécken
Déi zwou bis dräi Ekippe vum GSO uechtert d’Land sollen zum Beispill der Spezialunitéit hëllefen an ënner anerem déi kritesch Infrastruktur iwwerwaachen.
Donieft gëtt eng Plattform geschafen, op déi Bierger:inne Videomaterial schécke kënnen. Dat soll en akkurat Bild liwweren, an den éischte Minutten no engem Tëschefall.
Dee Grupp soll, mat zwou bis dräi Ekippen uechtert d’Land, séier agräifen a sensibel Punkte besser iwwerwaache kënnen. Déi Polizistinnen a Polizisten hunn ënner anerem en Taser vun der US-Firma Axon zur Verfügung, fir deem säin Asaz et strikt Direktive gëtt.