arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Inklusioun um Findel: Neie Wartesall fir Passagéier mat spezielle Besoinen

Inklusioun

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Méi Inklusioun um Findel: Neie Wartesall fir Passagéier mat spezielle Besoinen

Um Findel gëtt et zënter dëser Woch e spezielle Wartesall fir Passagéier mat Aschränkungen. Dat kënnen esouwuel physesch Beanträchtegunge si wéi och Aschränkungen déi net direkt siichtbar sinn. D’Offer soll de Start an d’Vakanz méi roueg an accessibel maachen.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Eröffnung neie Sall um Findel fir Mënsche mat Aschränkungen | © Radio 100,7
Eröffnung neie Sall um Findel fir Mënsche mat Aschränkungen (Foto: Radio 100,7)

An der Summervakanz ass um Flughafe vill Betrib. Fir Leit mat kierperlechen oder net siichtbaren Aschränkunge kann dat eng besonnesch Erausfuerderung sinn. Fir deene Passagéier de Start an d’Vakanz méi einfach ze maachen, gëtt et zënter dëser Woch e spezielle Wartesall, deen un hir Besoinen ugepasst ass.

Assistenz an Infrastruktur fir verschidde Besoine

Den neie Wartesall nieft dem Check-in bitt Plaz fir ronn 30 Persounen. Direkt bei der Entrée kënnen d’Reesender uginn, ob a wéi eng Assistenz si brauchen. Forméiert Personal steet hinnen dobäi zur Säit.

Nieft Sëtzméiglechkeete gëtt et och eng Toilette, déi un d’Bedierfnesser vu Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ugepasst ass. Do steet ënner anerem en Héichte-verstellbare Wéckeldësch fir Erwuessener. En Alarmknäppchen erlaabt et, am Noutfall séier Hëllef ze ruffen. Am Sall gëtt et och en Ofstellraum, ënner anerem fir Rollstill.

"Quiet Room" fir manner Reizer

Fir Mënschen, déi sech vum Kaméidi an de ville Reizer um Flughafen zeréckzéie wëllen, gouf e „Quiet Room“ ageriicht. Do kënnen d’Passagéier sech isoléieren an och d’Beliichtung un hir Besoinen upassen, erkläert Belinda Muvara, Terminal Supervisor vum Lux-Airport.

“On a également un équipement sensoriel qui est destiné aux personnes qui ont besoin de s'isoler du bruit, pour pouvoir un petit peu se recentrer dans leur bulle, également pour évacuer le stress avant un départ en vacances.”

Dëse Lauschter- a Siichtschutz kënnt zum Beispill Leit um autistesche Spektrum ze gutt, well et eng Paus vum belaaschtenden Ëmfeld mat engem Iwwerfloss u Reizer erlaabt.

D'Aféierung vum "Sunflower-Band" um Berliner Fluchhafen | © picture alliance/dpa | Paul Zinken
D'Aféierung vum "Sunflower-Band" um Berliner Fluchhafen (Foto: picture alliance/dpa | Paul Zinken)

Sunflower Initiativ: Fir Mënsche mat onsiichtbaren Aschränkungen

D’Iddi vum Wartesall staamt ursprénglech vun der “Lëtzebuerger Sozialbetrib Real Impact Hub”. Als Lëtzebuerger Vertrieder vun Hidden Disability Sunflower, eng Initiativ déi sech fir Leit mat net siichtbaren Aschränkungen asetzt,  hu si dem Findel d’lescht Joer d’Iddi virgeschloen. Ënner anerem si mëttlerweil och d’UNI.lu an d’CFL dësem Netzwierk bäigetrueden. 

Info Handicap war mat um Projet bedeelegt. Am Kader vun der Initiativ “Bewosst” (hirer Kollaboratioun mam Familljeministère) gi Mataarbechter aus dem HORESCA-Secteur, vu Lux-Airport, der Luxair an hire Fournisseuren dëst Joer fir den Ëmgang mat Leit mat Beanträchtegunge sensibiliséiert., seet d’Direktesch vun Info-Handicap, Christine Zimmer.

“Si kréien Tipps an Tricks am gudden Accueil, am Ëmgang an och an der Kommunikatioun. Et sinn och ëmmer betraffe Leit an deene Formatioune mat dobäi, fir eeben och wierklech déi reell Besoinen, déi eng Persoun mat enger Beanträchtegung wann se hei um Lëtzebuerger Flughafe Reest och kënne matzekréien. “

Elo wou de Wartesall seng Ouverture hat, wäert op de Feedback vun de Betraffene gelauschtert ginn. Dëst wäert dann deemno wéi an engem weidere Sall hannert der Sécherheetskontroll ëmgesat ginn.

play_arrow Lauschteren