arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi Housing-First-Unitéite fir Esch: Et wëllt een aus scho bekannten Hürde léieren

Gemeng Esch

|
headphones

2 min

Méi Housing-First-Unitéite fir Esch: Et wëllt een aus scho bekannten Hürde léieren

D’Gemeng Esch sicht nei Wunnenge fir den Housing-First-Programm weider ëmzesetzen. Um Freideg de Moien huet den Escher Gemengerot an deem Sënn eng Konventioun mam Familljeministère unanime gestëmmt.

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Iwwer Housing-First solle Mënschen, déi op der Strooss liewen, eng Wunneng zur Verfügung gestallt kréien. Bis elo ginn et zu Esch zéng Better fir Betraffener an der Maison Michels.

D’Escher LSAP-Gemengeconseillière Enesa Agovic huet ze bedenke ginn, datt et och als ëffentlech Hand schwiereg ass, fräi Wunnflächen ze fannen.

Beim Ausbau vum Housing-First-Projet zu Esch misst een op scho bekannten Hürden aus anere Gemengen agoen, fënnt d’Enesa Agovic.

"Et wier jo am Fong och d'Zil, fir déi Ariichtunge wierklech och duerch d'ganz Gemeng verstreet ze maachen."

Net wéi an der Stad Lëtzebuerg 

An der Stad Lëtzebuerg hätt ee misse feststellen, datt et een Hotspot an der Hollerecher Strooss géif ginn. 

 "Do misst ee vläicht hei zu Esch oppassen, datt net einfach e Gebai gebaut gëtt, wou se all einfach do eragesat ginn. Et ass natierlech schwiereg. Mir kennen de Logementsproblem, an awer muss een eebe versichen de Projet Housing First a senger Ganzheet ze realiséieren."

Den zoustännege Familljeministère hat am Kontext vum Housing-First selwer schonn zouginn, datt d'Sich no Raimlechkeeten sech als méi schwiereg erweist wéi geduecht.

D’LSAP-Gemengeconseillière proposéiert, datt een d’Awunner:inne vun der Gemeng sensibiliséieren a privat Proprietären incitéiere misst, fir onbewunnte Logementer an den Housing-First ze ginn. Dat eventuell och mat steierlech Virdeeler.

An der Hollerecher Strooss an der Stad Lëtzebuerg ginn aktuell an engem sechs Stéckege Gebai, am ganzen eelef Housing-First Unitéiten gebaut.