Et gouf vill hin an hier déi lescht Deeg ronderëm Friddensverhandlunge fir d'Ukrain. Fir d'éischt louch een 28-Punkte-Plang um Dësch, deen zimmlech eesäiteg d'Fuerderunge vu Russland erfëllt hat.
No vill Kritik haaptsächlech vun den Ukrainer natierlech, mee och vun den Europäer, gëtt elo u Kompromëssléisunge geschafft, déi eebe solle verhënneren, datt d'Ukrain muss kleng bäiginn a Russland op der ganzer Linn Satisfaktioun kritt.
Eng kuerzfristeg Friddensléisung ass onrealistesch
Den Zentrum vun deene Gespréicher ass zu Genève an der Schwäiz an een, deen d'Entwécklunge vu Bonn aus genee suivéiert, ass de Joachim Weber, deen um Center for Advanced Security, Strategic and Integration Studies, kuerz CASSIS, op der Uni zu Bonn fuerscht. Dat ënner anerem iwwer den Ukrainkrich.
Am 100,7-Interview stellt de Joachim Weber direkt fest, datt trotz dëse Verhandlungen net ze vill Optimismus ubruecht ass.
“Also es würde mich doch wundern, wenn wir jetzt hier auf einigermassen glatten Wege zu einer Friedenslösung kommen würden. Das spricht leider relativ wenig dafür.”
E Startpunkt, mee keng direkt Léisung
Et misst een awer konstatéieren, datt Beweegung an d’Verhandlunge komm ass. An och wann de Joachim Weber d’Approche vum US-President Donald Trump als “grundfalsch” beschreift, esou wier hien awer dankbar, datt iwwerhaapt mol eppes geschitt. Ëmmerhi wier de Krich elo schonn 3 an en halleft Joer laang am gaangen, ouni datt politesch un iergendenger Schrauf gedréint ginn ass.
“Und hier haben wir das erste Mal doch so etwas wie eine Gesprächsgrundlage. Und manche haben gesagt reflexhaft, ja, das sind ja wieder nur die russischen Maximalpositionen, aber das stimmt wirklich nicht.”
Wat de Friddensplang mat den 28 Punkten a Detail virgesäit, wier schwéier ze soen. Zwar kéint een déi eenzel Punkten noliese goen, mee se wiere “gummiartig” formuléiert an et géing deels u Konkretem feelen.
De Joachim Weber gesäit esou e Plang dofir och als Startpunkt fir seriö Gespréicher ze féieren, net awer als eng direkt Léisung, de Krich op en Enn ze bréngen.
Wat sinn déi eenzel Positiounen?
Froe wërft och d’Positioun vun den US-Amerikaner op, déi sech aus enger Ënnerstëtzerroll zeréckzéien, a méi eng Vermëttlerroll iwwerhuele wëllen.
“Wir können uns denken, dass die amerikanische Administration schon dahintersteht, denn Trump will diesen Krieg - das können wir sicherlich als eine Konstante festhalten - so schnell wie möglich zu einem Ende haben. Er stört ihn und er will auch kein amerikanisches Geld dafür ausgeben.”
Méi opfälleg wier dogéint déi russesch Säit, déi sech “auffällig zurückhält”, seet de Fuerscher. Als éischt seet Moskau, et hätt een aus der Press vun den eenzelne Punkten héieren. Haut um Dënschdegmoien huet et geheescht, et wier u sech dat, wat virun e puer Méint an Alaska beschwat ginn ass.
“Gegenüber dem, was sie (die Russen) seit dem Frühjahr 2022, also Kriegsbeginn, gefordert haben, gibt es da ganz erhebliche Abstriche. Und insofern ist das wirklich das erste Mal, dass man einen kleinen Silberstreifen da am Horizont sehen kann. Aber dennoch sind ganz entscheidende Dinge ungeklärt und zum Teil auch unerträglich für die Ukraine.”
Ee Knackpunkt wieren ënner anerem d’Sécherheetsgarantien.
Wéi laang hält d'Ukrain nach duerch?
Dobäi kënnt och, datt elo de véierte Wanter vum Krich ufänkt. Et misst ee sech d’Fro stellen, wéi laang d’Ukrain elo nach duerchhält. “Die Ukraine ist sehr, sehr ausgehöhlt”, warnt de Joachim Weber.
Just well déi russesch Truppen an 3 an engem hallwe Joer deels “just” e puer Kilometer Terrain guttgemaach hunn, géing dat net heeschen, datt si nees 20 bis 30 bréichte fir Kiew ze erreechen.
“Und die Soldaten gehen der Ukraine aus, also die Stützpunkte werden immer dünner, die Fronten immer schlechter besetzt. Es kann sein, dass dann auch die Dinge sehr, sehr schnell in eine aus unserer Richtung falsche Richtung gehen. Und das sollte man auch nicht riskieren.”
Fridde fir Thanksgiving? Wuel kaum
Do géing och d’”Megafon-Diplomatie” vum Donald Trump, wéi de russeschen Ausseminister Sergei Lawrow se genannt huet, net hëllefen. Domadder ass eng Diplomatie gemengt, déi souwuel “Freund, als auch Feind” verwirrt, erkläert de Fuerscher.
An e Fridden op Thanksgiving, wéi den Donald Trump et annoncéiert hat, dat misst den US-President sech “abschminken”, seet de Joachim Weber.