arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Médecins du Monde: 1.236 Leit ouni Krankeversécherung betreit

Gesondheet

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Médecins du Monde: 1.236 Leit ouni Krankeversécherung betreit

1.236 Leit, déi keng Krankeversécherung hunn, goufen am Joer 2025 vu Médecins du Monde Lëtzebuerg medezinesch betreit. Dat geet aus dem neie Joresrapport vun der ONG ervir.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto)

D’Zuel ass bal d’selwecht bliwwen am Verglach mam Joer virdrun. Fir Médecins du Monde weist dat, wéi wichteg eng generell Aféierung vun der CUSS (Couverture universelle des soins de santé) wier.

Spéit Diagnosen a méi héich Käschten

Den Éierepresident vu Médecins du Monde Lëtzebuerg, den Dokter Bernard Thill, erkläert, datt e Manktem u Gesondheetsversuergung dacks dozou féiert, datt Krankheete méi spéit erkannt a behandelt ginn.

„Ne pas avoir de couverture de soins de santé ou avoir une couverture insuffisante expose au risque de diagnostic et de traitement tardif avec parfois des complications majeures nécessitant des interventions chirurgicales ou des soins intensifs.“

Et géif en enke Lien ginn tëschent Aarmut a Gesondheet, esou d’Médecins du Monde, fir déi och d’Wunnengsnout e grousse Problem duerstellt: Wie keen Daach iwwer dem Kapp huet, wier besonnesch ufälleg, fir krank ze ginn.

An deem Zesummenhang verlaangt d’ONG och, datt d’Wanteraktioun eng permanent Ariichtung gëtt, wou Sans-abrien 365 Deeg am Joer kënnen ënnerkommen.

Geschriwwe vun der Emma Hizette.

play_arrow Lauschteren