Am Prinzip wier et theoretesch méiglech fir an den 3 Strukturen – Schraasseg, Uerschterhaff a Giwenech – d'Capacitéiten nach erop ze schrauwen, esou d'Ministesch.
Schraasseg mat Potential fir 200 weider Plazen
Zu Schraasseg kéinten zum Beispill bei déi ronn 480 Plazen nach eng Kéier duerch Ausbauaarbechte ronn 200 Plazen zousätzlech dobäi kommen. Um Uerschterhaff wier een Ausbau zwar net méiglech, mee d'Capacitéite kéinten erhéicht gi wann Zellen, déi fir eng Persoun konzipéiert goufen, vun zwee Prisonéier géife beluecht ginn. Dat no logistesche Viraarbechten.
Risk vun erhéijten Tensiounen
D'Hausse vun de Capacitéiten dierft iwwerdeems net ze vill op d'Käschte vun der Qualitéit vun der Betreiung vun de Prisonéier goen, heescht et nach vun der Elizabeth Margue. D'Prisongsverwaltung kéint dann der Resozialiséierung vun de Prisonéier nämlech net méi gerecht ginn. An de Risiko fir Tensiounen am Prisong géif an d'Luucht goen.