Déi Gréng haten en Echange mam Familljeminister ugefrot, nodeems d’lescht Woch Sozialaarbechter an engem anonyme Bréif Alarm geschloen haten.
Max Hahn: Sensibilitéit fir de Sujet hëlt zou
Dësem Schreiwes no géifen ëmmer méi Leit op der Strooss liewen an hir Konditiounen ëmmer méi schlecht ginn. Eng dramatesch Hausse konnt de Familljeminister Max Hahn awer net confirméieren.
"Ech kann Iech soen, datt d’Besoinen nach ëmmer héich waren an dësem Beräich. Eppes, wat ech verstäerkt feststellen, ass datt d’Sensibilitéit fir de Sujet zougeholl huet."
Souwuel op nationalem wéi op lokalem Plang géifen aktuell vill Efforte gemaach ginn. Notamment soll méi eng grouss Prioritéit op Housing first geluecht ginn, also datt Sans-Abrien eng Adress kréien, fir duerno kënnen eng Aarbecht ze sichen, oder eligibel ze si fir finanziell Hëllefen.
Een Appell un d'Gemengen
Et bräicht awer net just an de Stied, mee och a méi klenge Gemenge Strukture fir Sans-Abrien. Déi Gréng Deputéiert Joëlle Welfring riicht an deem Kontext en Appell un d’Gemengen, och am ländleche Raum.
"Mat besteeënden, eidelstoende Gebaier oder Terrainen, déi kéinten zur Verfügung gestallt ginn, fir wierklech kleng Strukturen, fir puer Leit déi do kéinten Iwwernuechtunge kréien."
Et wier wichteg, den Effort op méi Schëlleren ze verdeelen, sou nach déi gréng Deputéiert.
Piraten: D'Leit mussen och wëllen
E weidere Problem an dëser Diskussioun wier awer och de Fait, datt ëmmer méi Leit déi op der Strooss liewen, keng Hëllef géifen unhuelen, war et d’Conclusioun vum Deputéierte vun de Piraten, esou de Ben Polidori, no der Chamberkommissioun.
"Ech mengen, datt dat och immens schwéier ass. Dat eent ass jo, “mir maachen eppes”, mee d’Leit mussen awer och wëllen, wéi en Housing first oder wéi eng Wanteraktioun, wou si och einfach esou kënnen eragoen ouni iergendwelleche Krittären ze entspriechen, wat awer och net jidderee wëll. An ech mengen, dat ass e groussen Challenge."
De Familljeminister Max huet um Enn nach iwwert e Pilotprojet zu Hollerech informéiert, an deem an ale Killween Schlofplaze fir 8 Persoune geschaf gi wieren. An esou klenge Strukture wier et och vill méi liicht, fir Sozialaarbecht ze leeschten.