Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search

/ Matt Gaetz zitt sech aus zukünfteger Trump-Regierung zeréck

Wéinst Sex-Skandal

Matt Gaetz zitt sech aus zukünfteger Trump-Regierung zeréck

An den USA gouf et gëschter um Donneschdegowend eng spannend Personaldecisioun: Den Deputéierte Matt Gaetz, deen an der Regierung vum Donald Trump sollt Justizminister ginn, huet sech zeréckgezunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz
Foto: picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz

Hie war extrem kritiséiert ginn, well Virwërf formuléiert goufen, hien hätt Sex mat enger mannerjäreger gehat, an Droge konsuméiert.

Den Donald Trump huet gëschter Owend direkt eng nei Kandidatin fir de Posten nominéiert: D‘Affektorin Pam Bondi, déi 20 Joer laang Procureure a Florida war. Si war Member vun der Affekotenekipp, déi den Trump an der Destitutiounsprozedur beroden hat.