Den jamaikanesche Regierungschef Andrew Holness huet viru gréisseren Zerstéierunge virun allem am Weste vum Land gewarnt. Den US-Hurrikanzentrum NHC huet katastrophal Iwwerschwemmunge virausgesot.
D‘Bewunner:inne sinn opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.
Ausleefer vum Hurrikan Melissa hate schonn an de leschten Deeg op Haiti an an der dominikanescher Republik zu gréisseren Zerstéierunge gefouert. E puer Leit koumen dobäi ëm d‘Liewen.