Am ganze Land, vun New York bis Texas, ginn et Masseprotester an den USA. D’Organisateuren hunn um Samschdegowend Lokalzäit vu 7 Millioune Mënschen a méi wéi 2.700 Stied geschwat. Dat wiere ronn zwou Millioune méi, ewéi nach am Juni.
“An Amerika hu mir keng Kinneken”
Vu republikanescher Säit huet et geheescht d’Participante géifen “Amerika haassen”. Den Trump selwer sot vis-à-vis vum Sender Fox News “Ech si kee Kinnek”. Hien huet ëmmer erëm widderholl d’Demonstrante wiere gewaltbereet. De Republikaner Mike Johnson aus dem Repräsentantenhaus sot hie géif sech “Hamas-Ënnerstëtzer, Antifa-Typen a Marxisten a voller Montur” bei den “No Kings”-Protester erwaarden.
Dem Trump gëtt virgehäit geziilt eng Eskalatioun wëllen ze provozéiere fir den Asaz vum Militär géint déi, déi anescht denken, ze rechtfertegen. Vill demokratesch Stied a Staate gi mëttlerweil juristesch géint d’Entsendung vun der Nationalgard vir.
US-Medien no sinn d’Protester friddlech verlaf.
New York: “Mir sinn um Kipppunkt zum Faschismus”
Zu New York hu méi wéi 100.000 Mënsche friddlech demonstréiert, esou d’Police. D’Participanten hunn hir Suergen zum Zoustand vun der Demokratie matgedeelt.
Zu New York sinn déi vill faarweg Kostümer opgefall. Et wéilt een domat géint den Narrativ vun de geféierlechen a gewalttätegen Demonstrante virgoen.
An der US-Haaptstad Washington sinn Dausende Mënschen op d’Stroosse gaangen. Vill Beamte sinn den Ament am Zwangscongée wéinst dem Regierungsstëllstand oder goufe viru Kuerzem entlooss.