arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Martine Kohn demissionéiert aus dem Gemengerot

Gemengerot Diddeleng

|
reading time

2 min

Martine Kohn demissionéiert aus dem Gemengerot

Als Grond fir hir Demissioun nennt si berufflech Grënn. Si war aacht Joer fir d’LSAP am Diddelenger Gemengerot.

reading time

2 min

Martine Bodry-Kohn | © Ville de Dudelange
Martine Bodry-Kohn (Foto: Ville de Dudelange)

Zur entspriechender Annonce vun der LSAP-Conseillère koum et um Freideg, um Ufank vun der leschter Gemengerotssëtzung virun der Summervakanz.

Dem Ex-Buergermeeschter a fréieren LSAP-Minister Alex Bodry seng Fra demissionéiert op de 15. September. De Grond dofir wiere beruffleche Grënn.

D'LSAP Diddeleng huet matgedeelt:

"No 8 Joer engagéiertem Asaz am Diddelenger Gemengerot huet eis Conseillère Martine Bodry-Kohn an der Sëtzung vum 18. Juli 2025 hir Demissioun offiziell annoncéiert."

D’Martine Loullingen réckelt fir d’Martine Kohn am Diddelenger Gemengerot no.

Emprunt vun 20 Milliounen Euro

Donieft huet de Gemengerot um Freideg mat grousser Majoritéit d’Léine vun 20 Milliounen Euro guttgeheescht. Dës Sue ginn ënnert anerem fir gréisser Investitiounsprojeten am Schoulberäich, fir Sozialwunnengen an nei Gemengenateliere gebraucht.

Keng Majoritéit fir gréng Motioun

Mat de Stëmme vun der LSAP-Majoritéit gouf iwwerdeems eng Motioun vun déi Gring fir d’Installéiere vun amovible Photovoltaikpanneauen op Balcone vun Appartementshaiser zréckgewisen. Déi Gring wollten ë.a. d’Faisabilitéit vu sou engem Projet préiwen, analog zum Pilotprojet zu Esch.