arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Martine Hansen: "Zil vun der viregter Regierung ass onrealistesch"

no kritik vum mouveco

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Martine Hansen: "Zil vun der viregter Regierung ass onrealistesch"

An de Schoulkantinnen am Land gi prioritär Bioproduiten zervéiert. De Marché hei zu Lëtzebuerg kann d'Nofro awer net méi eleng decken. Dofir ginn och Produiten importéiert. De MouvEco wërft der Landwirtschaftsministesch vir, datt si dat net méi wéilt. Ganz dementéiert, d'Martine Hansen dat net.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Am Koalitiounsaccord géif net stoen, datt een an där Hisiicht Produiten importéiere sollt, och wa se BIO wieren, äntwert d'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op d'Kritik vum Mouvement écologique.

"Mir wëllen also méi regional, saisonal. An dat bedeit natierlech, datt mer wëllen d'Biolandwirtschaft hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen, datt mer fir d'éischt de Bio Lëtzebuerg virhuelen an dann duerno, esou wéi de Koalitiounsaccord et ewer seet, eis konventionell Lëtzebuerger Produkter."

Et wéilt een op kee Fall déi konventionell Landwirtschaft géint, déi biologesch ausspillen, esou nach d'Martine Hansen.

"Zil war irrealistesch"

D’Zil fir bis dëst Joer am Ganze 25.000 Hektar Fläch fir d’Biolandwirtschaft ze hunn, wier net erreecht ginn, well et onrealistesch gewiescht wier, esou nach d'Martine Hansen. Si wéilt iwwerdeems de Bio zu Lëtzebuerg ausbauen, mee net esou wéi déi viregt Regierung dat geplangt gehat hätt.

"Also dat Zil, wéi dat gesat ginn ass vun der leschter Regierung , dat war irrealistesch. Dat hunn ech ëmmer gesot. An dat wat déi aner wärend zéng Joer net fäerdeg bruechten, dat kann ech schlecht an zwee Joer fäerdeg bréngen. Mir sinn awer elo gutt virukomm a mir schaffen och fir nach weider virun ze kommen, mee awer mat realisteschen Ziler. Déi Ziler erreechen ech net, wann ech ee Gruef tëschent deenen engen an deenen aneren zéien."

Iwwerdeems huet d'Martine Hansen ugekënnegt , datt den neie Bio-Aktiounsplang bis Enn dëst Joer fäerdeg wäert ginn. 

 

play_arrow Lauschteren