arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mars Di Bartolomeo: Ëmgang mat der Chamber ass eng "Farce"

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mars Di Bartolomeo: Ëmgang mat der Chamber ass eng "Farce"

Wéi d’CSV-DP-Regierung no der zweeter Sëtzung mat de Sozialpartner mat der Chamber ëmgeet, wier eng Farce, esou den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo no der gemeinsamer Kommissiounssëtzung vu Santé an Travail um Dënschdegmoien. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

D'Oppositioun fënnt, d'Regierung kéint d'Entwécklungen am Sozialdialog net weider fir sech halen, an huet dofir eng Chamberssëtzung à huis clos ugefrot. Ob déi stattfënnt ass nach net gewosst. Dat géif een e Freideg am Ministerrot beschwätzen, esou d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez.

D'Regierung hält sech bedeckt

Déi gréng wollten de Moien an der Chamberkommissioun Santé an Travail iwwer d’Verhandlungen tëschent der Regierung an de Sozialpartner an d’Bild gesat ginn.

No der Sozialronn e Méindeg haten d’Regierung an d’Sozialpartner awer decidéiert, bis déi nächst Reunioun den 3. September näischt iwwer de Stand vun de Verhandlunge Präis ze ginn, wat de Sven Clement vun de Pirate bedauert.

"Wëssen deet ee scho villes, mee d‘Regierung hält sech weiderhi bedeckt, an d‘Regierung wëllt eis och näischt hei an d’Chamber ziele kommen."

"Ech fannen et wierklech eng Farce"

An der Sozialronn e Méindeg ass et haaptsächlech ëm d‘Pensiounsreform gaangen. No der Reunioun ass bekannt ginn, datt nei Pisten am Raum stinn, mee Detailer goufen awer keng genannt. Dat wier kee gudden Ëmgang mat der Chamber, fënnt De Mars Di Bartolomeo vun der LSAP a Vize-President vun der Chamberkommissioun Santé.

"Ech fannen et eng Farce. Ech fannen et wierklech eng Farce, wéi mir hei mat der Chamber ëmgaange gëtt."

Grad am Pensiounsdossier hätt d’Chamber e Recht drop ze wëssen, wéi eng Punkten elo nach am Raum stinn.

Luc Frieden um Mëttwoch net present

Nieft der Pensiounsreform sinn och d’Ouvertureszäiten am Commerce an de Gesetzesprojet ëm d’Sonndesaarbecht Sujet vun de Verhandlungen. Am September soll am CPTE – dem Comité permanent du travail - iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert ginn, esou den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo.

"A Presenz eebe vun de Gewerkschaften a vum Patronat, an dat wäerte mir och maachen, mee e genauen Datum hu mir net rausginn an dat wäerte mir lo am Laf vun dëser Woch nach maachen."

Vun der Regierung waren de Moien den Aarbechtsminister Georges Mischo an der d’Sozialministesch Martine Deprez an der Chamberkommissioun present. De Premier Luc Frieden war net dobäi.

 

play_arrow Lauschteren