arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mark Cole: "BBC ass net an enger existentieller Kris"

Medien

|
headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Mark Cole: "BBC ass net an enger existentieller Kris"

De britteschen ëffentlech-rechtleche Sender BBC steet däitlech ënner Drock an awer gesäit de Lëtzebuerger Professer fir Medierecht Mark Cole de Sender net an enger existenzieller Kris. D'Kriticken un ëffentlech-rechtleche Medie ginn et awer a ville Länner.

headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Mark Cole, Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg | © uni.lu
Mark Cole, Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg (Foto: uni.lu)

Den US-President Donald Trump wëllt dee brittesche Sender BBC op Schuedenersatz a Milliardenhéicht verkloen. Dat well d’BBC an enger Reportage eng Usprooch vum US-President esou zesummegeschnidden hat, datt de Message hätt kéinte verfälscht ginn. Fir de Mark Cole kéint een doriwwer diskutéieren, wéi déif d’Kris ass, an där d’BBC sech befënnt.

“Man darf nicht vergessen die BBC ist schon recht alt und hat viele Dinge kommen und gehen gesehen.”

Et wier éischter d’Fro, ob dëse Momentum politescht genotzt wäert gi fir d’Aarbecht vun der BBC zum Beispill anzeschränken.

Wat d’Klo selwer ugeet, esou wieren d’Chancen zimmlech geréng, datt d’BBC um Instanzewee iwwerhaapt eppes misst bezuelen a sécher net an där Héicht, wéi vum Donald Trump gefuerdert, esou nach de Mark Cole.

Feeler kënne politesch benotzt ginn

Feeler vun ëffentlech-rechtleche Medie wieren den Ament besonnesch geféierlech, well Politiker:innen dës géife benotze fir de komplette System a Fro ze stellen. Dat wier virun allem kritesch, well ëffentlech-rechtlech Medien iwwer Konventioune schaffen, déi all puer Joer néi verhandelt ginn. Bei der BBC géif et zum Beispill 2027 zu enger Neiverhandlung vun der sougenannter "royal charta" kommen.

D’Kritik, datt ëffentlech-rechtlech Medien ze eesäiteg géife berichten, déi gëtt et net nëmmen a Groussbritannie mee och an aneren europäesche Länner. Etudë géifen zum Beispill weisen, datt Journalistinnen a Journaliste vun ëffentlech-rechtleche Medien éischter Mëtt-lénks géife wielen.

De Mark Cole seet, datt et d’Aufgab vum Journalismus wier fir kritesch ze berichten: Bei éischter konservative Regierunge kéint dann no baussen ausgesi wéi lenks orientéiert Kriticken.

“Aber das hat vielleicht etwas damit zu tun, dass die Journalisten so in ihrer Ausbildung und ihrem Ansatz her immer wieder, hoffentlich jedenfalls auch weiterhin, darauf ausgerichtet werden, zu sagen, ihr müsst tendenziell eher kritisch sein mit Regierungen, also tendenziell eher hinterfragen, was aktuell der politische Mainstream ist. Und wenn es so ist, dass im Moment eine etwas konservativere Ausrichtung sich politisch durchsetzt oder wie im Falle Amerikas doch ziemlich radikal sich die politischen Grundlagen geändert haben, dann ist es nicht wirklich überraschend, wenn ein Journalist unabhängig von seiner politischen Überzeugung eher kritisch berichtet.”

Et wier wichteg, datt ëffentlech-rechtlech Medie selbstkritesch mat sech selwer géifen ëmgoen an dat och transparent géife maachen.

De Mark Cole mengt net, datt et zu Lëtzebuerg och zu esou grouss Debatten ëm den Ëffentlech-Rechtleche kéint kommen. Zu Lëtzebuerg hätt een eng méi “ausgewogene gesellschaftliche Wahrnehmung”, esou de Professer fir Medierecht.

D’Finanzéierung zum Beispill vum ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 wier politesch net extreem kontrovers, esou de Mark Cole.

play_arrow Lauschteren