Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mark Carney gëtt neien designéierte Premier

Nom Récktrëtt vum Justin Trudeau

Mark Carney gëtt neien designéierte Premier

Den Ekonomist a fréiere Chef vun der kanadescher a brittescher Zentralbank gouf als neie President vun der Liberaler Partei gewielt.

auto_stories

1 min

Mark Carney | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Mark Carney (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Domat iwwerhëlt de Mark Carney op d'mannst virleefeg d'Amt vum Premier Justin Trudeau. Den Trudeau hat am Januar säi Récktrëtt annoncéiert.

Hannergrond ware schlecht Sondagewäerter a parteiintern Meenungsënnerscheeder. Neiwale mussen elo a Kanada bis spéitstens Oktober ofgehale ginn.

An enger Ried huet de Mark Carney den amerikanesche President Donald Trump attackéiert wéinst den Douanestaxe géint Kanada. De Mark Carney huet betount, Kanada géif den Handelskrich mam Donald Trump gewannen.