Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beirut - Santa Fe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marine Le Pen geet géint Urteel an Appell

4 Joer Prisong an 5 Joer Ineligibilitéit

Marine Le Pen geet géint Urteel an Appell

Et wier eng politesch Decisioun an d‘Prinzippie vum Rechtsstaat wiere komplett mëssbraucht ginn. Esou reagéiert d‘Marine Le Pen op d‘Urteel vun der Justiz. D'Haaptkandidatin vum Rassemblement national gouf zu zwee Joer feste Prisong a fënnef Joer Ineligibilitéit verurteelt. 

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto play_arrow
Marine Le Pen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Si kéint domadder bei de franséische Presidentschaftswalen 2027 net untrieden. Si wéilt sech op kee Fall zeréckzéien an an Appell goen. D‘Justiz misst elo séier schaffen, fir datt nach virun de Walen en Urteel am Appell fält. Millioune vu Fransousen a Fransousinne wieren elo ëm hir Kandidatin bruecht ginn.

Den RN-President Jordan Bardella huet iwwerdeems en Appell gemaach, datt d'Leit sollten op d'Strooss goen, fir friddlech ze protestéieren. D'Marine Le Pen gouf wéinst Ënnerschloe vun ëffentleche Gelder och zu véier Joer Prisong verurteelt, zwee dovunner fest an zwee mat Bracelet. De franséische Justizminister huet iwwerdeems all Kritik um Tribunal zeréckgewisen an erkläert, datt déi franséisch Justiz komplett onofhängeg gehandelt hätt.

Och vu Washington koum hënt eng Reaktioun. Et wier beonrouegend, wa Persoune vum politesche Prozess géifen ausgeschloss ginn, esou wéi d'Justiz dat och an den USA mam President Trump probéiert hätt, esou d'Spriecherin vum Wäissen Haus Tammy Bruce.

 

Lauschterenplay_arrow