“Bigh Sigh” also grousse Säufzer, dat klengt no grousser Erliichterung. D’Marika Hackman huet den neien Disk als hire bis dato schwéierste bezeechent, well dem Album eng schwéier Zäit virausgoung. Zanter hirem Debutalbum “We Slept at Last” vun 2015 war d’Marika Hackman eigentlech konstant op Tour oder am Studio, a wéi dunn 2020 de Lockdown koum, huet si constatéiert, datt hir kreativ Energie komplett verschwonne war.
Rettung koum an engem Pub
Si huet dunn nach en Album mat Coversongs erausbruecht mee réckbléckend seet d’Kënschtlerin, datt si deemools d’Gefill hat, datt si villäicht ni méi géing een Album ophuelen. D’Rettung koum dunn awer e Joer méi spéit an zwar op enger Toilette an engem Pub. Si hat daagsiwwer e Song mat hirem Handy opgeholl a koum réischt Owes dozou dësen ze lauschteren an zwar wéi si Frënn an engem Pub getraff hat a kuerz eleng op der Toilette war. An dat war souzesoen de Startschoss fir den neien Album, well d’Marika Hackman direkt wosst: ech hunn e Song geschriwwen, deen albumwürdeg ass. Dëst Lidd, “Hanging”, ass dann och um Album gelant.
Düster Gefiller am Mëttelpunkt
“Hanging” war net nëmmen den éischte Song, deen d’Marika Hackman fir den Album geschriwwen huet, et ass och ee Stéck, wat direkt d’Stëmmung an de Fokus vun “Big Sigh” setzt. Et ass een Disk, deen e gudde Krack méi melancholesch geroden ass, wéi seng Virgänger.
D’Marika Hackman huet schonn um leschten Disk “Any Human Friend” iwwer Léift, Trennung, Sex a Loscht gesongen, mee huet éischter eng humorvoll oder bëssi ironesch Approche gewielt an déi düster Gefiller ausgeklamert. Um neien Album stinn dës awer am Mëttelpunkt, wann d’Hackman zum Beispill am Song “Hanging” séngt, datt hiert Häerz net wuesse kann, soulaang déi aner Persoun hir Fangeren an hirer Strass stiechen huet.
Dynamesch, vulnerabel a cineastesch
Musikalesch bleift d’Marika Hackman hirem Sound zwar trei, mee et schläiche sech awer ëmmer nees méi experimentell a verzerrte Kläng an d’Stëmmungsbild vum Album. Schonn den Opener “The Ground” deit e Richtungswiessel un. Der Sängerin hier Stëmm ass hei bis an d’Onkenntlechkeet manipuléiert a vermëscht sech mat doucë Pianostéin zu engem ganz verdreemte Stéck.
D’Marika Hackman selwer bezeechent de Sound vum Album als dynamesch, vulnerabel a cineastesch. Et ass och déi éischte Kéier, datt si selwer de Groussdeel vun den Instrumenter um Album agespillt huet an den Disk och co-produzéiert huet. De Leschte Song op “Big Sigh” “The Yellow Mile” ass eng Hommage un hier Ufanksdeeg als Musekerin, e ganz reduzéiert d’Stéck bei deem de Fokus op hirer Stëmm an der akustescher Gittar läit a soumat eng Bréck schléit tëschent de Virgänger an dem neie Sound vun der Kënschtlerin