D’Politikerin gëtt ausgezeechent, als Leaderin vun den demokratesche Forcen a Venezuela, huet et de Moie vum Nobelcomité zu Oslo geheescht. Ervirgehuewe gouf der María Corina Machado fir hiren Asaz fir déi demokratesch Rechter vum Vollek a Venezuela.
Si hätt d’Flam vun der Demokratie an enger däischterer Zäit brenne gelooss, esou d’Aschätzung vun der Jury.
Déi venezuelanesch Oppositiounsleaderin Machado gëllt als Géignerin vum autoritäre President Nicolás Maduro.
De Friddensnobelpräis 2025 geet also net un den US-President Donald Trump.
D’lescht Joer war déi japanesch Friddensorganisatioun Nihon Hydankyo mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn: dat fir hire Kampf fir eng Welt ouni Atomwaffen.