D’Annonce vun zwee Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff vum Dënschdeg huet der EU-Kommissärin fir d’Competitioun, Margrethe Vestager, um Schluss vun hirer Carrière eng grouss Freed gemaach.
D’Kommissioun krut an zwee Fäll Recht, ënner anerem déi ganz bekannt Affär, déi Apple betrëfft: Apple muss deemno wéinst illegaler Staatsbäihëllef un Irland Steieren an Héicht vun 13 Milliarden Euro zeréckbezuelen.
D’Margrethe Vestager huet dat Urteel als “grousse Gewënn fir d’Europäesch Bierger a fir d’Steiergerechtegkeet” bezeechent.
Margrethe Vestager kuckt op zéng Joer als EU-Kommissärin zeréck
“Ouni dee Gewënn géif ech anescht op meng 10 Joer als EU-Kommissärin zeréckkucken”, sou d’Dänin op hirer warscheinlech leschter Pressekonferenz an dëser Legislaturperiod. Si huet zouginn, datt si Tréinen an den Aen hat, wéi si d’Resultat em Dënschdeg Moie gewuer gouf.
D’Mandat vun der Margrethe Vestager leeft no zéng Joer als Member vun der Europäescher Kommissioun aus. Si gouf net nach eng Kéier vun hirem Land als EU-Kommissärin proposéiert.
Si huet och vill Fäll viru Geriicht verluer, zum Beispill déi, an deenen d’Europäesch Kommissioun vu Lëtzebuerg verlaangt hat, Steiersue vu verschiddenen Entreprisë wéinst an hiren Aen illegalen “Tax rulings” ze verlaangen. Do goung et am Ganzen ëm bal 400 Milliounen Euro. Dem Geriicht no konnt d’Europäesch Kommissioun awer net kloer beweisen, datt et sech ëm illegal Staatsbäihëllefe gehandelt huet.
Lëtzebuerg hätt “grouss Fortschrëtter gemaach”
Et géing net nëmmen ëm déi Urteeler goen, sou d’EU-Kommissärin en Dënschdeg op enger Pressekonferenz. Vill Länner, dorënner Lëtzebuerg hätten hiert Behuelen an hir Gesetzer no deenen Enquête vun der Kommissioun geännert.
“Mat Lëtzebuerg konnt ee gutt zesummeschaffen. Lëtzebuerg huet méi Transparenz applizéiert, andeems wéi een Tax Ruling zustane kënnt. Dat si wichteg Fortschrëtter”, sou d’Dänin op d’Fro, ob de Grand-Duché dann elo alles richteg gemaach hätt, vu que datt de Geriichtshaff sech net hannert d’Decisioune vun der Kommissioun gestallt hat.
Aggressiver Steierpolitik weider wäit verbreet
Aggressiv Steierpolitik wier awer weider wäit verbreet, sou och nach d’Margrethe Vestager. An do zielt si de Grand-Duché weider zu den Haapt-Player an der EU.
“Irland, Holland, Lëtzebuerg an d’Belsch schéngen nach ëmmer zentral ze sinn, wann et ëm d’Verschibe vu Profitter geet.”
Den Analyse vun der Kommissioun no wieren duerch esou Manöver den europäesche Steierzueler bal dräi Milliarden Euro Steiersuen entgaangen.
Finanzministère: Keng Sue méi blockéiert
Zu Lëtzebuerg ware wéinst den Decisioune vun der Europäescher Kommissioun, datt misste Steieren un d’Entreprisë Fiat, Engie an Amazon zeréckbezuelt ginn, eng 390 Milliounen Euro op Bankkonte blockéiert ginn.
Well déi Decisiounen awer all vum Europäesche Geriichtshaff annuléiert goufen, wieren elo keng Sue méi blockéiert, sou de Finanzministère op eis Nofro.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.