D’Grenzgänger maache bal d’Hallschent vun de Salariée(ë)n um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché aus. D’Reglement, dat gëschter provisoresch vun den EU-Ambassadeuren ugeholl ginn ass, gesäit ënner anerem vir, datt bei der Chômage-Indemnisatioun an Zukunft net méi d’Land an deem eng Persoun wunnt zoustänneg ass, mee dat Land, an deem eng Persoun hir lescht Aarbecht hat.
Reorganisatioun vun der ADEM: Weider 10 – 20 Milliounen Euro
Och wa Lëtzebuerg no dem finale Vote vum EU-Parlament, den nach opsteet, 7 Joer Zäit huet, d’Reglement vun der Koordinatioun vun de Sécurite Sociale Systemer ëmzesetzen, ass dem CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz kloer: Op Lëtzebuerg komme mat dësen Ännerungen net nëmme méi Käschten, mee och grouss organisatoresch Erausfuerderungen duer.
D’ADEM misst deemno anescht opgestallt ginn, wat nach ee Mol 10 bis 20 Milliounen Euro kéint ausmaachen.
“Mee mir mussen et fäerdeg brénge mat eise belschen, eisen däitschen an eise franséische Kolleegen en Échange de données opzebauen, fir datt mer sécher sinn, datt déi Leit, déi hei schaffen, datt déi net duebel berücksichtegt ginn, datt dat elektronesch alles kann erfaasst ginn. Dat géif eis och erlabe méi séier kënnen do drop ze reagéieren. An dat sinn déi Verhandlungen, déi mer elo mat deenen dräi Nopeschlänner wäerte féieren, soubal d'Europaparlament déi heite Saach ofgestëmmt hunn. An da kënne mer och genau festleeë wéi déi Dispositioune sinn a wéi déi Kontrolle kënne stattfannen.”
D’Indemnisatioun géif de Moment hei am Land gereegelt ginn. Fir Grenzgänger bedeit dat 80 Prozent vun hirem leschte Salaire. D’Conditioun ass datt si op d’mannst 22 Wochen am Grand-Duché affiliéiert waren.
De Chômage géif da 6 Méint laang vu Lëtzebuerg ausbezuelt ginn. Den Aarbechtsminister rechent domat, datt doduerch och d’Zuele vum Chômage klamme wäerten. Wéi héich wier awer nach onkloer.
Net all Secteur betraff
Vun dëser Hausse wieren de Moment awer net alleguerten d’Secteure betraff, esou den CSV-Minister.
“Am Finanzsecteur zum Beispill, do schaffen och vill Grenzgänger. Do ass awer dofir net mat ze rechnen, datt de Chômage do méi héich gëtt oder dee Secteur, deen ouni eis Frontalierskolleegen iwwerhaapt net kéint fonctionéieren. Dat ass an der Santé, wa mer do eis Frontalieren net hätten, dofir kann een dann och net soen, dat géif sech einfach alles automatesch verduebelen. Wat natierlech richteg ass am Commerce an am Artisanat, do wou mer virun allem am Artisanat, wou een de Moment Schwieregkeete gesäit, do huet dat natierlech en aneren Nidderschlag.”
Dowéinst wëllt de Marc Spautz och mat den Nopeschlänner doriwwer schwätzen, wei een d’Groussregioun am Ganze méi attraktiv ka maachen, fir méi Aarbechtsplazen ze kreéieren. Esou kéinten d’Beschäftegung an d’Luucht goen a méi wirtschaftleche Wuesstem generéiert ginn, esou den Aarbechtsminister. D’Diskussioune fänken awer réischt un.