Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Nëmme mam Sozialdialog kritt een déi grouss Erausfuerderunge gemeeschtert

Neijoerschpatt vun der CSV

Marc Spautz: Nëmme mam Sozialdialog kritt een déi grouss Erausfuerderunge gemeeschtert

D’CSV géif de Mënsch an de Mëttelpunkt setzen. Sou huet et e puer Mol an de Riede vun der Parteileedung um Neijoerschpatt geheescht. De Fraktiounspresident Marc Spautz, fréieren LCGB Gewerkschaftler huet sech fir den Erhalt vum Sozialdialog engagéiert. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Neijoerschpatt vun der CSV | © Carole Schimmer play_arrow
Foto: Carole Schimmer

De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog stäerkt de Standuert Lëtzebuerg, Den Dialog wier keen Zeeche vu Schwächt mee et wier ee Symbol vu Stäerkt esou den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz a senger Ried. Nëmme mat deem, kéint een déi grouss Erausfuerderunge, déi op d‘Gesellschaft duerkommen, meeschteren. 

Deemno begréisst de Marc Spautz dem Premier Luc Frieden seng Ausso, sech nach dëse Mount wëlle mat de Gewerkschaften un een Dësch ze sëtzen. De Fraktiounspresident wier iwwerzeegt, datt de Premier et hikritt, de Sozialdialog nees zu "deenen ale Stäerkten" ze bréngen.

Frieden: Sozialdialog heescht net, ëmmer mat allem averstanen ze sinn

Haut, den 10.01 huet de Premier Luc Frieden Rendez-vous mat Organisatiounen an ONGen. Nächst Woch ass et dann um Tour vun de Gewerkschaften. De Luc Frieden betount, datt een am Sozialdialog net ëmmer kéint dovun ausgoen, datt ee mat allem averstane wier. 

Ervirgehuewe gouf um CSV Neijoerschpatt, datt d’Kafkraaft vun de Stéit verbessert gi wier. Duerch steierlech Moossnamen an duerch d’Moossnamen am Wunnengsbau.

Lauschterenplay_arrow