Wéi de radio 100,7 um Méindegmoie gemellt hat, hat den Deputéierte Marc Goergen sech viru ronn dräi Joer bal 33.000 Euro bei dëser Sensibilité politique geléint, fir een Deel vu senger Steierschold ze begläichen.
De Laurent Scheeck geet dovun aus, datt de Rechnungshaff seng Analys relativ séier wäert ofschléissen. Soubal dës Aarbecht fäerdeg ass, wäert an der Chamber gekuckt ginn, ob d’Gestioun vun de Gelder, déi der Sensibilitéit zur Verfügung gestallt goufen, dem Chambersreglement entsprach huet. Et wéilt een d’Gesamtanalys ofwaarden, éier ee Conclusiounen zitt, esou de Generalsekretär vun der Chamber.
De Chamberbüro hat schonn am Juli decidéiert, datt d’Finanze vum parlamentareschen Deel vun der Piratepartei fir den Zäitraum 2018 bis elo solle kontrolléiert ginn.
Zu kengem Ament wiere Sue verluer gaangen
Den Deputéierte vun der Piratepartei a Partei-Coordinateur Marc Goergen huet iwwerdeems de Moien op der Plattform “X” matgedeelt, datt hien de Montant vum Kredit un déi politesch Sensibilitéit zréck iwwerwisen hätt.
Wéi hie schonn am 100,7-Interview gesot hat, widderhëlt de Marc Goergen haut op “X”, datt et ee Feeler gewiescht wier, d’”Offer vun engem temporäre Kredit” unzehuelen. De Politiker huet geschriwwen: “Et war ee Feeler, fir deen ech elo direkt d’Verantwortung iwwerholl hunn”.
Et war ee Feeler, déi finanziell Offer vun engem temporärer Kredit bis zu engem Urteel un ze huelen.
— Marc Goergen (@gomarc777) October 28, 2024
Haut hunn ech de Montant un déi gemeinsam politescher Sensibilitéit vu
Sven Clement & Marc Goergen zeréck iwwerwisen.
Soumat ass keng finanziell Schold méi do.
Et war ee…
Zu kengem Moment wier der Sensibilitéit Geld verluer gaangen, an zu kengem Moment wier d’Piratepartei mat involvéiert gewiescht, ënnersträicht de Marc Goergen.
Den Deputéierte Sven Clement widdersprécht der Duerstellung, datt et sech beim Prêt ëm eng “Offer” gehandelt hätt: et wier eng Demande vum Marc Goergen gewiescht, huet de Sven Clement de Moien op eis Nofro hi betount.