arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Baum: "Marc Spautz wäert de Sozialpartner mat Respekt a Manéiere begéinen"

Invité vum Dag

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Marc Baum: "Marc Spautz wäert de Sozialpartner mat Respekt a Manéiere begéinen"

Fir den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum wäert et ënner dem neien Aarbechtsminister Marc Spautz en anere Stil ginn, wéi nach ënner dem Georges Mischo. Et géif awer och vill dovun ofhänken, wéi de Marc Spautz de Koalitiounsaccord géif interpretéieren. Do géif et nämlech Spillraum ginn.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow
Marc Baum, déi Lénk | © Radio 100,7
Marc Baum, déi Lénk (Foto: Radio 100,7)

De Marc Baum ass zouversiichtlech, datt den neien CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz d’Sozialpartner nees un en Dësch kritt. Ob dat dann och wierklech de Fall wier a wéi de Marc Spautz sech als Aarbechtsminister géif uleeën misst een nach gesinn. Et géifen awer elo scho warscheinlech Ännerungen an der Ëmgangsweis ginn, fënnt den Deputéierte vun déi Lénk.

“Wat sech warscheinlech beim Marc Spautz ännere wäert, ass op jidde Fall emol de Stil. Ech mengen de Marc Spautz wäert d'Sozialpartner, esou wéi ech hie kennen, mat Respekt, Intelligenz a Manéiere begéinen. An eleng dat ass schonn emol e Fortschrëtt an d'Basis fir kënnen erëm de Sozialdialog opzehuelen.”

Ob dat och Ännerungen an der Politik selwer mat sech brénge wäert, géif ganz dovun ofhänken, wéi de Marc Spautz de Koalitiounsaccord géif interpretéieren. Do géif et nämlech Spillraum ginn, fënnt de Marc Baum.

“Souwuel an der Sécurité-Sociale-s-Kommissioun wéi och an der Travailskommissioun, wou jeeweils de Marc Spautz schonn awer President war. Et ass ze hoffen, datt hien déi Vue, déi hien op de Koalitiounsvertrag hat, wäert och als Minister weider ëmsetzen.”

Ob de Marc Spautz déi grouss Ausriichtung vun der aktueller Politik ännere kéint, misst sech awer nach weisen, esou nach de Marc Baum.

Pensiounsreform ass e "mëttelgroussen Desaster"

Dës Woch sollen e puer ëmstridden Dossieren an der Chamber gestëmmt ginn, dorënner och d’Pensiounsreform. Vun deem Projet, wéi d’Regierung en elo op den Dësch geluecht huet, ass de Marc Baum alles anescht wéi iwwerzeegt..

“Et ass e mëttelgroussen Desaster. Ech mengen d'Regierung ass ugetruede fir eng Pensiounsreform ze maachen. Et sollt e grousse consultative Prozess sinn. (...). Op eemol ass de Premier Luc Frieden dertëschent gefunkt an huet iergendeng komplett aner Guideline erausginn, wouropshin zéngdausende Leit op d'Strooss gaange sinn. An elo ass eppes dobäi erauskomm, wat esou en hallefgare Kompromëss ass.”

Iwwerdeems wier et ganz geféierlech, datt bei dësem Projet eng Dier opgestouss gi wier fir d’Liewensaarbechtszäit ze verlängeren, esou de lénken Deputéierten. Et misst een oppassen, datt net un deene sozialen Acquisen, déi een sech am 20. Joerhonnert erschafft huet, géif gerëselt ginn.

E gemeinsame "Lénksblock"?

D’Memberszuele vun déi Lénk géifen an deene leschte Méint konstant eropgoen, esou de Marc Baum. Och an de Sondagë leet d’Partei e bësse bäi. Fir e weidere Sëtz an der Chamber géif dat awer nach ëmmer net duergoen. E Lénksblock, zesumme mat déi gréng an der LSAP, wier awer keng Iwwerleeung, déi ee bei deene Lénken hätt.

“Da misst ee sech driwwer eens ginn, wéi eng Gesellschaft dann a 5 oder 10 Joer sollt ausgesinn. Ech halen et awer och fir eng Demokratie ganz wäertvoll, datt et Ënnerscheeder ginn tëschent der LSAP, der Sozialdemokratie, Gréngen a Lénken. An ech mengen, datt et awer interessant ass fir ze kucken, wéi een déi Ënnerscheeder ënnert sech ka fruchtbar maachen.”

Dat géif een an der Oppositiounsaarbecht och scho gesinn, wéi de Marc Baum betount. Iwwerdeems wier de Lëtzebuerger Walsystem net op esou Bléck ausgeriicht, wéi an anere Länner, wou de “Winner takes it all”-Prinzip géif gräifen.

Rotatioun am Hierscht

Datt déi Lénk hir Deputéiert géife rotéieren ass kee Geheimnis. D’Fro stoung awer nach op wéini dat de Fall wier. Fir d’Rentrée d’nächst Joer wéilt ee wiessele sot de Marc Baum.

Da wäerten d’Ana Correia an de Gary Diderich de Marc Baum an den David Wagner an der Chamber ofléisen.

play_arrow Lauschteren