Radioen

On air

Notturno  |  Chris Cohen - Night Or Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Angel als Quästor am Europaparlament gewielt

Europaparlament

Marc Angel als Quästor am Europaparlament gewielt

Den LSAP-Europadeputéierte gouf als ee vu fënnef Quästore vum Europaparlament gewielt an ass domat Member vum “Bureau”, dem ieweschte Gremium vum Parlament.

auto_stories

1 min

Marc Angel | © European Parliament
Foto: European Parliament

Am Europaparlament gouf um Mëttwochmoien den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel als ee vu fënnef Quästore gewielt. Quästore bekëmmeren sech ëm d’Finanzen an ëm d’Administratioun am Parlament. Si sinn och genee ewéi déi 14 Vizepresidenten a Vizepresidentinne Member vum Bureau, dem ieweschte Gremium am Europaparlament.

De Marc Angel war deen eenzege Kandidat vu senger Fraktioun, den europäesche Sozialisten. 461 EU-Deputéiert hu fir hie gestëmmt. Hie war domat op der zweeter Plaz vun de Gewielten.

Virum Marc Angel waren och schonn d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima an de Christophe Hansen noeneen op deem Posten. Dat wärend der leschter Legislaturperiod,

Ënner anerem war och d’Astrid Lulling (CSV) tëscht 2004 an 2014 eng vun de Quästorinnen, de Jacques Poos (LSAP) tëscht 1999 an 2004, den Nicolas Estgen (CSV) tëscht 1982 an 1984 an d’Colette Flesch (DP) vun 1979 bis 1982.