Radioen

On air

Notturno  |  Art Feynman - All I Can Do

play_arrow Live
search

/ Marc Angel: "D’Ursula von der Leyen muss nobesseren"

HANSEN ODER SCHMIT?

Marc Angel: "D’Ursula von der Leyen muss nobesseren"

Déi Europäesch Sozialiste géife sech erwaarden, datt den Nicolas Schmit Lëtzebuerger EU-Kommissär gëtt - an zwar mat engem “seriöe Portfolio”. Et wier un der Ursula von der Leyen dem Premier Luc Frieden esou eng Propos ze maachen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

D'Warnung vun den Europäesche Sozialiste koum um Dënschdeg Mëtteg bal a leschter Minutt. Haut, Mëttwoch hätt d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eigentlech sollen hir nei Ekipp presentéieren, dat gouf awer op deen nächsten Dënschdeg verluecht.

Als offizielle Grond huet d'Kommissioun d'Situatioun a Slowenien uginn: D'Land wëllt eng nei Kandidatin proposéieren. Déi muss awer nach vum sloweenesche Parlament guttgeheescht ginn, wat fréistens e Freideg geschéie kann.

Ursula von der Leyen huet eng Woch méi laang Zäit

Een anere Grond fir den Delai kéint awer och dora leien, datt d'Zesummesetzung vun där neier Kommissioun méi komplizéiert ass, wéi erwaart.

Si hätte kloer Erwaardungen un déi nächst Kommissioun, schreiwen déi Europäesch Sozialisten an hirem Pressecommuniqué. Ginn déi net erfëllt, kéint et "ganz schwéier, bis onméiglech ginn", d'Kommissären a Kommissärinnen, déi vun der Ursula von der Leyen proposéiert ginn, ze ënnerstëtzen. 

Als Konditiounen zielt d'Partei nieft der Egalitéit an där neier Ekipp och ee staarke Fokus op sozial Rechter op. Déi Aufgab misst vun enger "experimentéierter Persoun" iwwerholl ginn. De Prozess vum Spëtzekandidat ze ignoréiere kéint iwwerdeems dozou féieren, datt d'Sozialisten hire Support zeréckzéien.

Sozialisten hätten nach u Verhandlunge gegleeft

"Mir hu laang gewaart, éier mer déi Warnung erausginn hunn, well mer nach u Verhandlunge gegleeft hunn", esou den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel am 100,7-Interview.

Hie confirméiert, datt sech seng Partei konkret erwaart, datt den Nicolas Schmit als Lëtzebuerger EU-Kommissär Deel vun där neier Kommissioun gëtt, an zwar "mat engem seriöe Portfolio".

Konkret Demande un d'Ursula von der Leyen

De Premier Luc Frieden hätt d'Dier dofir a sengen Aussoen opgelooss, d'Ursula von der Leyen awer hätt se am Gespréich mat him am August wuel zougemaach.

"An an deem Gespréich wäert d'Madamm von der Leyen him matgedeelt hunn, datt si net envisagéiert, dem Nicolas Schmit e wichtege Posten ze ginn. An dunn huet den Här Frieden dat gemaach, wat all Mënsch gemaach hätt."

D'Demande vun de Sozialiste riicht sech dowéinst an éischter Linn un d'Kommissiounscheffin:

"Mir erwaarde vun der Madamm von der Leyen, datt si mam Här Frieden schwätzt a seet, Lëtzebuerg kritt e ganz, ganz wichtege Portfolio an dee gëtt vum Nicolas Schmit besat. Et ass et un hir, déi Situatioun, an déi si sech ramanövréiert huet, ze verbesseren."

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.