arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mannerjäreger am Erwuesseneprisong just "wann et net aneschters machbar ass"

Procureur d'Etat

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mannerjäreger am Erwuesseneprisong just "wann et net aneschters machbar ass"

Déi  6 Mannerjäreg, déi am Erwuesseneprisong zu Schraasseg sinn, wieren net ouni Grond do. Am 100,7 Interview erkläert de Procureur d’Etat David Lentz, datt de Jugendprisong komplett ausgelaascht wier an déi Jonk Auteur vun enger Strofdot wieren déi zimmlech schlëmm wier.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet | © Morgane Weidig
David Lentz, Procureur d’Etat um Stater Parquet (Foto: Morgane Weidig)

Si wieren zu Schraasseg an engem separate Block ënnerbruecht an net a Kontakt mat Erwuesseneprisong, esou den David Lentz am 100,7-Interview.

Diversiouns- an Alternativmoossnamen sinn den éischte Choix

Dëst Joer wieren am ganzen 29 Mesurë geholl gi fir 24 Mannerjäreger am Erwuesseneprisong ze placéieren. Dat wier awer net op eng méi repressiv Politik vum Parquet zeréckzeféieren, seet de Procureur d’Etat David Lentz.

"Dat ass eisen éischte Choix: Diversiouns- an Alternativmoossnamen. Wann et awer net aneschters geet, a wou et eng Limitt muss gesat ginn, da soe mir et geet duer, a priori gëtt et Unisec, a wann et net aneschters machbar ass, dann den Erwuesseneprisong, well ee mat deem Jugendlechen och muss schaffen."

Wann déi jonk an den Erwuesseneprisong kéimen, wiere si am Prinzip maximal 1 Mount do éier en aner Projet fir si géif fonnt ginn.

Mannerjäreger am Erwuesseneprisong: Et gi gutt Grënn, seet den David Lentz

Den Ament misst een op den Erwuesseneprisong zeréckgräifen, well d’Unisec net genuch Capacitéiten hätt, erkläert den Procureur d’Etat David Lentz. Doru géif sech och mat der geplangter Verdueblung vun de Plazen näischt änneren. 

Et géif awer och aner Grënn gi fir e Mannerjäregen an den Erwuesseneprisong ze schécken.

"Wa mir an der Radikalisatioun sinn oder am Terror sinn, do geet dat bei 13, 14 Joer un, bis 17, loosse mir soen, setze mir esou ee Jugendlechen, e Radikaliséierte bei aner Jugendlechen an eng Unisec. Dat kann net sinn, well deen ass grad do am Beisein vun aner fragille Jugendlechen, dee kann net dohinner placéiert ginn."

Jugendlecher nees op d'Strooss schécke wier "eng Kapitulatioun"

Och mat engem neie Jugendstrofrecht géif d’Deliquenz vun de Jonken net einfach verschwannen. D’Justiz bräicht dofir weider Mesuren, fënnt den David Lentz.

"Entweeder eng zouen Anstalt oder eng Semi -Zou-Anstalt, wou ee seet, am Laf vum Dag geet en an d'Schoul, geet een en Aktivitéite maachen, owes gëtt eeben d'Dier zougespaart. Esou Saache brauch d'Justiz, fir kënnen ze schaffen. Einfach soen, mir setze se nees an d'Strooss zeréck, wou et nees zu Gewaltdoten, Drogen oder Verbrieche kënnt, dat ass u sech eng Kapitulatioun."

De Procureur d’Etat David Lentz kritiséiert och déi ugekënnegt Reform vum Jugendschutzgesetz. Et soll dann zwee separat Gesetzer ginn: D’Jugendstrofrecht an de Jugendschutz. Virun allem de Volet vum Jugendschutz wier nach ze kritiséieren.

 

play_arrow Lauschteren