Wéi House of Automobile schreift géifen d‘Privatkeef vun Autoen zwar däitlech zouhuelen, op där anerer Säit géifen awer ëmmer manner Firmeween immatrikuléiert ginn.
House of automobile féiert dat virun allem drop zeréck, datt Steieravantagen op Firmeleasing ewech gefall sinn.
D‘Leit géifen domadder awer och op geleasten Elektroautoe verzichten, obwuel de Legislateur eigentlech de Contraire wollt erreechen, schreift nach d‘Automobilbranche.