Wéi de Mobilitéitsministère matdeelt war et eng Baisse vu 25 Prozent vun den déidlechen Accidenter iwwer 10 Joer. Allerdéngs waren et 2023 1.136 Accidenter mat Blesséierten, wat eng liicht Hausse ass.
Bei de Schwéierblesséierte war et mat 308 Persounen eng liicht Baisse.
Een doudege Foussgänger
D‘Vëlosfuerer an d‘Foussgänger waren op en neits déi vulnerabelst Persounen: 41 Foussgänger an 43 Cycliste goufe schwéier blesséiert. Ee Foussgänger ass ëm d‘Liewe komm.
Ze héich Vitess an Alkohol um Steier sinn d‘Haaptursaache fir schwéier Accidenter.