Fir d’Association des victimes de la route sinn dës Zuelen zwar berouegend, ma et géif een awer kee Grond gesi fir sech ze freeën, soulaang ëmmer nach Leit beim Auto- a Vëlofueren oder beim zu Fouss goe géife stierwen.
Mesurë weisen hir Wichtegkeet
All Affer wier eent ze vill, seet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. An déi Ausso ënnerstëtzt och de Michaël Federici Chargé de direction bei der AVR.
Trotzdeem ass hie frou, datt d’Tendenz vun de schwéieren Accidenter no ënne weist. Dat géif un enger Rëtsch Mesure, wéi zum Beispill de Radare, leien. An och d’Technologien an den Autoe géifen hëllefen.
“Wat och hëlleft ass d’Pedagogie, déi zënter zéng Joer gemaach gëtt. Sief et vum Staat, sief et vun der Associatioun national des victimes de la route, sief et vun anere, wéi der Sécurité routière.”
An awer misst een den Autosfuerer ëmmer erëm widderhuelen, datt et wichteg ass opzepassen a mat alle Sënner dobäi ze sinn. D’Haaptgrënn fir Accidenter bleiwen nämlech Alkohol, ze héich Vitessen an net konzentréiert sinn.
Et wier wichteg sech un d’Vitesslimitatiounen ze halen an den Handy beim fuere sinn ze loossen. Den Auto wier net déi richteg Plaz fir Youtube-Videoen, esou de Michaël Frederici.
Anescht wéi zum Beispill d’Sécurité routière fuerdert d’Association des victimes de la route awer net, datt Tempo 30 iwwerall an den Dierfer an an de Stied soll agefouert ginn.
Ëmmer méi Memberen
30er-Zone sollen et do ginn, wou et geféierlech ass. Fir de Recht sollen d’Leit sech un d’50er-Zon halen, esou nach de Michaël Frederici vun der AVR.
D’Memberszuele vun der AVR ginn iwwerdeems kontinuéierlech erop, seet de Michael Federici.
Et hätt een dëst Joer schonn 10 Prozent méi Dossieren ewéi nach d’Joer virdrun – an dat also trotz der Baisse vun de schwéiere Verkéiersaccidenter.
D’Membere sinn alles Persounen, déi ee Mënsch aus hirem Ëmfeld bei engem Accident op der Strooss verluer hunn oder mat de Konsequenze vun esou engem schwéieren Accident muss weider liewen.
D’AVR bitt hire Membere souwuel administrativ Hëllef, wéi och juristeschen a psychologesche Bäistand.