Wéi d‘Police op d‘Plaz koum, huet se eng Persoun mat enger Aschosswonn am Réck um Hamilius fonnt. D’Persoun koum an d‘Klinik.
Éischten Informatiounen no, wieren zwou Persounen am Park, bei der Villa Vauban op e Grupp vu véier Leit duergaangen. Ee vun deenen zwee hätt op déi Grupp geschoss, duerno wiere si fortgelaf.
Dräi Persoune festgeholl
D‘Police konnt duerno de Fluchtauto mat dräi Leit u Bord zu Märel pëtzen. Op Uerder vum Parquet sinn déi dräi verdächteg Persoune festgeholl ginn. Si kommen haut virun den Untersuchungsriichter.
Beim Asaz um Hamilius war och d‘Hondsstaffel vun der Police, d‘Spezialunitéit, d‘Spueresécherung an d‘Police judiciaire dobäi.
Éischten Erkenntnisser no, géif et méiglecherweis e Lien tëschent der Täter- an Affergrupp ginn.
Eng Enquête gouf an d‘Weeër geleet.