Dat huet mat sech bruecht, datt déi betraffe Kanner op aner Klassen opgedeelt hu misse ginn. Fir den SEW/OGBL handelt et sech ëm e strukturelle Problem. D‘Enseignantsgewerkschaft fuerdert, datt d‘Aarbechtskonditioune vun de Remplaçantë misste verbessert ginn.
Ënner anerem kritiséiere si, datt d‘Remplaçanten nëmme mat CDDen agestallt ginn, datt si dacks méintelaang op hir Paie musse waarden an och net kéinte fonctionariséiert ginn. Souguer wa si ee CDI hätten.
Et géif och net nëmmen u Remplaçante feelen, mee och u Léierpersonal am Allgemengen. Den SEW fuerdert eng dréngend Reform.