De Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient fuerdert vun der Lëtzebuerger Regierung, d‘Aktioune vun Israel an der Gazasträif als Krichsverbriechen a Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet ze deklaréieren an dann d'CSSF opzefuerderen, d‘Emissioun vun den israeelesche Staats-Emprunten zeréck ze zéien.
D‘Vente vun israeelesche Staats-Emprunten an der EU gouf vun der Lëtzebuerger Finanz-Iwwerwaachungs-Autoritéiten CSSF autoriséiert nodeems se an Irland gestoppt gouf. Domat géif Lëtzebuerg sech zu engem Kompliz vu Genozid maachen, heescht et an engem Communiqué vum CPJPO.
Um Kierchbierg hunn um Méindegmoien eng Dose Leit manisfestéiert.