arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manifestatioun fir d‘Kurdesch Communautéit a Syrien op der Place Clairefontaine

National

|
headphones

1 min

Manifestatioun fir d‘Kurdesch Communautéit a Syrien op der Place Clairefontaine

Op der Place Clairefontaine hunn um Mëttwochmëtteg eng 150 Leit fir d'Ënnerstëtzung vun der kurdescher Communautéit a Syrien manifestéiert. Si geheien der syrescher Iwwergangsregierung ënner anerem e Genozid un de Kurden a Kurdinnen am Land vir.

headphones

1 min

Kurdesche Fändel | © picture alliance / Paul Zinken/dpa | Paul Zinken
(Foto: picture alliance / Paul Zinken/dpa | Paul Zinken)

Doriwwer eraus fuerdere si de Respekt vun hire Grondrechter an hirer Autonomie. Déi wieren aktuell duerch d’Behuele vun der Iwwergangsregierung a Gefor.

Den Askander Tamo, President vun der Luxembourg Hope Organization for Humanitarian Aid, fuerdert och déi Lëtzebuerger Regierung op, sech zu der aktueller Situatioun ze positionéieren

 "2020 an 2016, bis ISIS bekämpft war. Déi Zäit sot jiddereen, d‘USA an Europa, d‘Kurden hätte Courage. Et war gelunn. Wou ass déi Lëtzebuergesch Regierung? Wou ass de Premier? Wou sinn d‘Mënscherechter? Mir musse mat de kurdeschen Ziviliste stoen. Mir si Mënschen, mir si Frënn. Wann dir haut net mat eis stitt, wéini dann?"