arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mandat d‘arrêt géint eng Fra no gewaltsamen Doud vun 8 Joer ale Bouf

Däitschland

|
headphones

1 min

Mandat d‘arrêt géint eng Fra no gewaltsamen Doud vun 8 Joer ale Bouf

Knapp 4 Wochen nom gewaltsamen Doud vum 8 Joer ale Fabian zu Güstrow bei Rostock ass elo eng Fra festgeholl ginn. De Parquet hätt e Mandat d‘arrêt géint si erlooss wéinst Mordverdacht. Detailer goufe keng matgedeelt.

headphones

1 min

Polizei | © Unsplash / Jonas Augustin
Polizei (Foto: Unsplash / Jonas Augustin)

D‘Läich vum Jong war Mëtt Oktober, no deeglaanger Sich, ronn 15 km südlech vu Güstrow bei engem klengen Dëmpel fonnt ginn. D‘Obduktioun huet erginn, dass de Bouf Affer vun engem Gewaltverbrieche gi war. 

Wochelaang Enquêten hate bis elo näischt erginn. Nodeems de Fall awer elo gëschter Owend bei «Aktenzeichen XY... ungelöst» war, wieren 33 Indicen eragaangen, mat deenen elo eng weiblech Persoun hätt kënne festgeholl ginn.