Skeleton ass eng vun den eelsten Disziplinne bei der Wanterolympiad, wann och eng vun de manner bekannten. Schonn 1928 bei de Spiller zu Sankt Moritz war Skeleton am Programm. Joerzéngtelaang war et dunn awer aus dem Programm verschwonnen éier et 2002 zu Salt Lake City nees säi Comeback gefeiert huet.
All Honnerstel-Sekonn zielt
Beim Skeleton geet et eenzeg an eleng ëm d’Vitess. Dee Séierste gewënnt, Punkte fir Stil ginn et keng. All Athleet an all Athleetin kritt véier Leef, opgedeelt op zwee Deeg. Déi véier Zäite ginn da fir en Total zesummegezielt. Gëschter waren déi éischt zwee Leef, den Owend ass et mat deenen zwee aneren de facto d’Finall.
Firwat dee liicht-grujelegen Numm “Skeleton” (Skelett)? Dat huet einfach mam minimalisteschen Design vum spezielle Schlitt ze dinn. Een eenzegt Stéck aus Metall, ouni Bremsen oder Steierrad, just mat zwou Attache fir de Schlitt beim Start unzedrécken. D’Athleete lenken andeems si hirt Kierpergewiicht op eng Säit leeën. Wichteg ass dobäi net ze staark an d’Säitemauere vun der Äispist ze rennen, doduerch verléiert een nämlech wichteg Honnertstel-Sekonnen.
Et kënnt op de Start un
An genau wéi bei der Luge, wou ee mat de Féiss no vir fiert, oder beim Bobsleigh, ass och beim Skeleton de Start immens wichteg. Op enger Distanz vun 30 bis 40 Meeter muss d‘Sportlerin oder de Sportler säi Schlitt undrécken an da mam Kapp no vir perfekt drop sprangen.
Bei dëse Wanterspiller gëtt zu Cortina Skeleton gefuer, op der 1.700 Meeterlaanger Äispist matt 16 Kéieren, déi och fir déi aner Rutsch-Disziplinne benotzt gëtt.
Ukrainesche Fuerer wéinst Helm disqualifizéiert
D’Favoritte bei den Hären heesche Matt Weston a Marcus Wyatt aus Groussbritannien oder Christopher Grootheer aus Däitschland. Bei de Fraen ass d’Finall am Skeleton muer.
Den ukrainesche Skeleton-Fuerer Vladyslav Heraskevych gouf vum Internationalen olympesche Comité disqualifizéiert, well hien en Helm unhat mat de Portraite vun ukrainesche Sportler déi am Krich mat Russland gestuerwe sinn.