Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Serge Wilmes: Ziler fir d'Schutzzone sinn zu Lëtzebuerg bal erreecht

Biodiversitéit

Serge Wilmes: Ziler fir d'Schutzzone sinn zu Lëtzebuerg bal erreecht

Den Ëmweltminister Serge Wilmes versteet, datt vill Leit iwwer den Ausgang vun der Biodiversitéitskonferenz COP 16 enttäuscht sinn. Et wier virun allem de globale Süden, deen hei géif probéiere méi Kontroll iwwer d‘Geldfongen ze kréien. Elo scho géifen déi Fongen awer hir Roll erfëllen. 

auto_stories

2 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lëtzebuerg géif mat 7 Milliounen Euro e substantielle Beitrag leeschten. Zu Lëtzebuerg wieren d'Schutzzonen-Ziler scho bal erreecht, seet de Serge Wilmes am 100,7-Interview

Et wier natierlech schwiereg ze soen, ob dat op globalem Niveau wäert geschéien. 

Op d'Kritik vum Mouvement écologique ugeschwat, deen op de schlechten Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg hiweist, seet de Serge Wilmes, datt d'Ëmweltorganisatioun "Alarmismus" mécht.

"Nach eng Kéier ass et erëm e gutt Beispill, wou einfach virun de Won gerannt gëtt an da gëtt eng falsch Duerstellung gemaach."

Mouvement Écologique: E Schutzgebitt déngt näischt ouni konkreet Virgabe fir d'Bewirtschaftung 

Am Virfeld vun der COP16 hätt ee mam Mouvéco geschwat. Fir dee besteet iwwerdeems immensen Nohuelbedarf, betount d'Claire Wolff, Responsabel fir Biodiversitéitsdossiere beim Mouvement écologique.

"Dat gëtt ëmmer gären opgegraff, och vum Här Wilmes, datt mer eigentlech an der Ausweisung vu Schutzgebidder relativ gutt do stinn. Ma ee Schutzgebitt déngt awer schlussendlech näischt, wann do net konkreet Virgabe sinn, wéi dann déi Biotopen, soe mer, op Wisen oder op Akeren, wéi déi da konkreet solle bewirtschaft ginn."

Fir d'Ëmweltorganisatioun wier et wichteg, déi vill Strategien, déi festgeluecht goufen, elo och konkret ëmzesetzen.

Interview mat der Claire Wolff

Lauschterenplay_arrow