D’Europäesch Kommissioun war de Kritiker vum EU-Gesetz géint Deforestatioun entgéint komm, an hat virun zwou Woche méi einfach Reegele fir kleng Entreprisë proposéiert. Si sollten donieft ee Joer méi laang Zäit kréien, dem Rescht géif eng Iwwergangsperiod vu sechs Méint zoustoen, fir sech kënnen unzepassen.
Propos vun EU-Kommissioun geet deene Meeschten net wäit genuch
Dat geet deene meeschte Länner net wäit genuch. Virop Éisträich.
"Wir können weder die Vorgehenssweise noch den Vorschlag in der vorgelegten Form akzeptéieren."
Esou den den Ëmwelt- a Landwirtschaftsminister Norbert Totschnig e Mëttwoch bei engem Tour de table op der Reunioun vun den Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner zu Bréissel .
Éisträich bleift dobäi: Dat ganz Gesetz sollt fir ee Joer suspendéiert ginn.
Och de Lëtzebuerger Vertrieder vun der permanenter Representatioun fir d’EU zu Bréissel, de Fabien Raum, huet sech géint d’Propos vun der Kommissioun ausgeschwat.
"Nous ne pouvons pas souscrire à la proposition de la Commission en l'état."
Lëtzebuerg ass, grad wéi Éisträich, dofir, datt d’Reegele fir Länner, wou et kee Risiko gëtt, datt Bësch ofgeholzt gëtt, substanziell musse vereinfacht ginn.
Dat hat och d’Agrarministerin Martine Hansen virun zwou Wochen am 100,7- Interview betount. D’CSV-Politikerin gehéiert zu den engagéierte Kritikerinne vun deem EU-Gesetz. Och den Ëmweltminister Serge Wilmes hat senger Parteikolleegin de Réck an deem Dossier gestäipt.
Just Spuenie stellt sech hanner d’EU-Kommissioun
Vun de 17 Länner, déi sech op der Reunioun vun den Ëmweltministeren zu Wuert gemellt hunn, huet sech just Spuenien hanner d’Propose vun der Europäescher Kommissioun gestallt.
Déi ass iwwerdeems bei hirer Positioun bliwwen. Et hätt een den Demanden no Vereinfachunge Rechnung gedroen, esou déi zoustänneg EU-Kommissärin Jessika Roswall. D’Gesetz op Äis ze leeën, géif d’Decisioune just no hanne verleeën, no engem Joer wier een erëm an där nämmlechter Situatioun.
EU-Kommissioun géint nei Kategorie vun Null-Risiko-Länner
D’Schweedin sot och, datt een net eng nei Kategorie vu Länner mat nidderegem Risiko aféieren wéilt. Doduerch géing op en Neits Zäit verluer an et wier guer net esou kloer, wéi vill Länner, esou guer an der Europäescher Unioun an déi Kategorie fale géifen.
Eent ass kloer: Wa sech d'Länner, d'EU-Parlament an d'Kommissioun net eens ginn, dann trëtt d’Reglement, wéi et ursprünglech geplangt war, also ouni déi proposéiert Ännerungen, den 31. Dezember dëst Joer a Kraaft.